Radioen

On air

Notturno  |  Brief Encounter - Visions

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EM vun der Turnakrobatik um Kierchbierg

Sport

EM vun der Turnakrobatik um Kierchbierg

Bis de Sonndeg den Owend sinn an der Coque d’Europameeschterschafte vun der Turnakrobatik. Um Programm stinn d’Finallen, wou een d’Crème de la Crème aus där Sportaart ka gesinn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Europameeschterschaft vum Akrobatie-Turnen | © Carole Schimmer play_arrow
Europameeschterschaft vum Akrobatie-Turnen (Foto: Carole Schimmer)

D’Kompetitioun huet virun zwou Woche mat deene Jonke Gymnasten ugefaangen. Dës Woch sinn d’Kompetitioune vun den Junioren a Senioren. Zu Lëtzebuerg ginn et eng 9.000 Turner déi eng Lizenz hunn, mee bis elo ginn et nach keng Veräiner déi d’Gymnastique acrobatique ubidden. Den Organisateur, de President vun der Turnfederatioun de Silvio Sagramola hofft awer, datt dëst Event seng Friichte wäert droen.

1.200 Athleten an hir Coachen aus 23 Natiounen, huelen un deene Kompetitiounen Deel. Ganz vir bäi sinn Israel, d‘Ukrain, d‘Belsch a Portugal, seet de Silvio Sagramola President vun der Turnfederatioun.

Verschidde Kompetitiounen

De Spektakel ass derwäert gekuckt ze ginn, et sinn dëst Akrobatië mat zwou Persounen oder méi, wou et verschidde Figure gëtt, ewéi den Turnpartner mat enger Hand an d'Luucht hiewen an an engems an eng Spagatpositioun erofzerëtschen. Alles dat wéi wann dat extrem einfach wier.

Op enger Buedemfläch, ginn et Kompetitiounen an dräi Disziplinnen, seet de Silvio Sagramola.

"Déi eng Disziplin, dat ass d'Balance, dat si méi statesch Elementer, déi zweet Disziplin Dynamics, wéi den Numm et seet, dat ass méi dynamesch, do gi Wurfelementer gemaach, Turner, Turnerinnen an d'Luucht geschoss an dann dréine se do hir Saltoen. An déi drëtt Disziplin ass Combined, dat ass dann an der Übung souwuel Balance-Elementer wéi och dynamesch Elementer."

Groussen Interessi vum Public

Grad ewéi an aneren Turn-Kompetitioune ginn et Juryen, déi d’Exekutioun vun den Akrobatien an dem Turnen notéieren.

"Niewent dem Schwieregkeetsgrad vun den Elementer gëtt awer och d'Artistik an d'Choreographie bewäert, soudatt een, wann een déi Übunge kuckt, gesäit, datt wierklech no der Perfektioun gesicht gëtt, se sinn héich professionell, héich artistesch an akrobatesch an dat ass eeben dat, wat dat akrobatescht Turnen ausmécht."

Am Sall vun der Coque huet een an de leschte 14 Deeg eng 4.000 Entréeën enregistréiert, D’Akrobatescht Turnen ass zu Lëtzebuerg bis elo net bekannt gewiescht an et goung dem President vun der FLGym, der Turnfederatioun drëms déi Sportaart zu Lëtzebuerg ze promovéieren. Et géif ee bei den Kanner an Erwuessener eng Demande spiere fir nei Saache kënnen ze probéieren.

Lauschterenplay_arrow