Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
search

/ Aarm an agressiv

Fräie Mikro

Aarm an agressiv

Nodeems d‘Heescheverbuet an der Stad héich Welle geschloen hat, gouf annoncéiert per Gesetz an Zukunft just nach déi aggressiv Forme vun der Heescherei ze verbidden. Mat dem Projet den d’Regierung elo virgeluecht huet, gouf awer op en neits wäit iwwert d’Ziel eraus geschoss. Mengt de Frank Wies an sengem fräie Mikro vun haut.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

En ass zwar nach ëmmer a Kraaft, an dach wierkt den allgemengen Heescheverbuet vun der Stad Lëtzebuerg wéi e Relikt aus vergaangener Zäit. Scho bei senger Aféierung gouf bezweifelt, datt en eng valabel legal Basis hätt. An elo gëtt dat dann och vun der Regierung bestätegt, an dem se e Projet de loi präsentéiert huet, den d’Heeschen u sech net méi ënner Strof stellt.

Wärend der ganzer Diskussioun ëm dat ëmstriddent Stater Reglement gouf vun de politesche Responsabelen ëmmer betount, et géing jo guer net ëm dat sougenannt einfacht Heesche, mee just ëm déi aggressiv Formen dovun.

Zweiwel iwwer scheinbar nobel Intentiounen

An hirem Projet de loi erkläert d’Justizministesch elo, et wéilt een kee méi bestrofen, just well hien am Zoustand vu grousser Prekaritéit ass. An si zitéiert esou guer hire Virgänger Robert Krieps, den schonns 1987 e Projet deposéiert hat mam Ziel déi al Texter, déi d’Mendicitéit u sech bestrooft hunn, ofzeschafen. Deemools mam Argument, datt d’Liewen op der Strooss an d’Zielen op d’Barmhärzegkeet vu senge Matbierger keng Verstéiss géint d’Fundamenter vun eiser Gesellschaft wieren an als Liewensforme missten akzeptéiert ginn.

Wann een awer da kuckt, wat geplangt ass fir déi sougenannt aggressiv Heescherei ze ënnerbannen, kommen dach Zweiwel op, iwwert déi scheinbar nobel Intentiounen hannert dësem Text. 

Op eng aggressiv Manéier op Plazen déi dem Public zougänglech sinn Suen oder aner Saachen ze froen, soll mat enger Prisongsstrof vu 15 Deeg bis 2 Joer an enger Geldstrof vun 251 bis 3.000 Euro kënne bestrooft ginn.

Sichen no Proportionalitéit vun der Bestrofung

Woubäi net präziséiert gëtt, wat ënnert enger aggressiver Manéier ze verstoen ass. D’Ministesch gëtt just an hiren Erklärungen zum Text e puer Beispiller. Esou wier dat ginn, wann een eng Persoun ubläert, si unhält oder se beréiert. Jo esou guer enger Persoun nogoen, déi schonns refuséiert hat eppes ze ginn, wier aggressiv.

Wann een esou e Behuelen an Relatioun stellt mat de Strofen déi een riskéiert, da sicht een no der Proportionalitéit vun der Bestrofung géintiwwer der Gravitéit vum Verstouss. Bis zu 2 Joer Prisong, well een e Neen net direkt akzeptéiert ? 

Déi héich Prisongsstrof gëtt domat gerechtfäerdegt, datt een esou fir besonnesch schlëmm Fäll kéint Untersuchungshaft ordonéieren. Woubäi och hei net erkläert gëtt, wat dann als esou schlëmm unzegesinn wier, datt een dofir direkt misst festgeholl ginn.

Wéi vill ass eis Gesellschaft bereet ze akzeptéieren?

Wuelgemierkt, et geet hei net ëm Uwendung vu Gewalt oder d’Bedroen fir Suen ze kréien. Dofir ginn et schonns Texter, wéi zum Beispill déi iwwert Erpressung oder Kierperverletzung. 

Et geet ëm d’Fro, wat fir e Behuelen eis Gesellschaft nach prett ass ze akzeptéieren, vun deenen déi net op déi klassesch Manéier hiren Liewensënnerhalt bestreiden. Ab wéini mir eis an der Ëffentlechkeet esou gestéiert spieren, datt mir dat Behuele mat aller Häert vum Gesetz wëllen ënnerbannen.

Mat dësem repressiven, disproportionéierten an onprezisem Text gëtt d’Regierung hir Äntwert. D’Toleranz ass ganz kleng. Aarmut ass zwar akzeptéiert, si soll eis awer nëmmen net ze no kommen.

Lauschterenplay_arrow


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.