Weider gëtt am Communiqué bemängelt, datt modern Alternativen, wéi Videokonferenzen oder Enquêten direkt an de Prisongen, kaum genotzt ginn, wat onnéideg Transporter an eng zousätzlech Belaaschtung mat sech brénge géif.
D’SNPGL verlaangt eng direkt Reform, ënnert anerem duerch d’Schafe vu spezialiséierten Eenheeten an eng Verbesserung vun den Aarbechtskonditiounen. Soss gesäit d’Gewerkschaft d’Sécherheet vun de Beamten an d’Effizienz vun der Police a Gefor, heescht et nach am Communiqué.