Richtung22 wonnert sech doriwwer: Déi éischt Entscheedunge géife rëm weisen, wéi een Tabu "d’Mëssstänn bei RTL zu Lëtzebuerg" wieren, huet et haut um Mëttwoch op Nofro geheescht.
De Kollektiv argumentéiert an hirer Reaktioun och, datt de Staatsvertrag mat der CLT-UFA hirer Meenung no (ënnert Punkt f vun 1.1. Engagement généraux) virgesäit, datt d'ALIA eng Kontrollfunktioun vis-à-vis vum gesamte Contenu, an net just vum den audiovisuelle Contenu, bei RTL huet.
Richtung22 bleift awer optimistesch.
"Mir sinn awer optimistesch, dass déi wesentlech méi wäitgoend Plainten, déi mir am Bezuch op d'Finanzéierung an d'Verfeele vum Optrag bei der Tëlee agereecht hunn, och vun der ALIA anescht behandelt gi mussen."
Richtung22 hat Ufank vum Joer bei der ALIA am ganze 16 Plaintë géint d’RTL-Mammenhaus agereecht. Dat a Relatioun mat der Publicatioun vu Recherchen um Site rtl1.lu.
An de sechs Plainten, déi d’ALIA schonn ënnert d’Lupp geholl huet, goung et ëm de Virworf, datt op rtl.lu kommerziell Kommunikatioun als journalisteschen Inhalt duergestallt gi wier. Donieft goung et ënner anerem ëm potentiell Fäll vu Plagiater a vu Verstéiss géint den Droit d’Auteur an RTL-Online-Artikelen.