De Kremel seet, de Lancement vun engem neien Typ vu Mëttelstreckerakéit op déi ukrainesch Stad Dnipro wier eng Warnung un de Weste gewiescht. Dat nodeems d‘Ukrain dës Woch fir d‘éischte Kéier US a brittesch Laangstreckerakéiten op Ziler a Russland geschoss hat.
D‘NATO seet, den Asaz vun der russescher Mëttelstreckerakéite géif näischt un der NATO Strategie fir d‘Ukrain änneren. De NATO Generalsekretär Mark Rutte huet fir d‘nächst Woch eng Sëtzung vum NATO-Ukrain Conseil aberuff.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskij, dee vun enger graver Eskalatioun schwätzt, sot, hie géif sech konkret Reaktioune vun der NATO erwaarden.