arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 5 bis 6 Mol méi Mannerjäreger am Erwuesseneprisong wéi zejoert

OKAJU

|
headphones

4 min

headphones

2 min

play_arrow

5 bis 6 Mol méi Mannerjäreger am Erwuesseneprisong wéi zejoert

Ee weidere Mineur sëtzt zu Schraasseg am Prisong. Dat huet den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit am 100,7-Interview bestätegt. Stand 19. Dezember sinn domat weiderhi 6 Mannerjäreger am Centre pénitentiaire fir Erwuessener.

headphones

4 min

headphones

2 min

play_arrow
Charel Schmit | © Radio 100,7
Charel Schmit (Foto: Radio 100,7)

Dëst wier awer net déi richteg Plaz fir Mineuren, déi a Konflikt mam Gesetz geroden, esou de Charel Schmit. Mee d’Unité de Sécurité zu Dräibuer wier de Moment voll.

Schonn an der éischter Dezemberwoch war rieds vu 6 Mannerjäregen, déi am Prisong zu Schraasseg placéiert gi waren. Vun dëse sechs konnt eng Persoun an engem Foyer ënnerbruecht ginn.

Jee nodeem wou Plaz ass

Een neie Mineur koum deemno dobäi, esou den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit. Grondsätzlech solle keng Mannerjäreger am Erwuesseneprisong ënnerbruecht ginn.

"An dat hänkt dovun of, ob an der Unité de sécurité oder an anere Foyeren oder an aneren Entitéiten, Unitéite vun dem Centre éducatif, de l'État am Fong Plaz ass."

Bis zu der Presentatioun vu sengem Joresrapport den 31. Oktober huet den OKAJU eleng dëst Joer 21 Mineure gezielt, déi no Strofdoten net altersgerecht a Strukture placéiert gi sinn. 2024 wieren et der 4 gewiescht esou, de Charel Schmit.

"Dat heescht, mir sinn elo 5 bis 6 Mol méi wéi d'lescht Joer."

D'Fluktuatioun berücksiichtegen

Aus dësen Zuelen dierf een elo awer keng verfréite Conclusiounen zéien, esou den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher.

"Et muss een och kucken, wat Fluktuatiounen am Laf vum Joer, also an all Groussstad, bei all Chrëschtmaart, ginn et Kanner a Jugendlecher, déi vu Banden dohinner geschéckt ginn, fir d'Leit iwwer d'Ouer ze haen a fir Portmonnien ze klauen. Dat ass kee Grond, fir dofir d'Zuel vun de Plazen an engem Prisong ze verduebelen."

Hoffnung, datt Reform esou Fäll verhënnert

Hei wiere Kanner och éischter Affer vu Mënschenhandel wéi Stroftäter. Op d‘Fro, ob no Strofdot oder just op Basis vu verfügbare Plazen decidéiert gëtt, wie wou placéiert gëtt, erkläert de Charel Schmit.

"Dat ass eng Fro, déi riicht sech elo éischter un d'Jugendgeriicht an un de Parquet, well déi jo de Weekend iwwer muss Decisiounen huelen, wann d'Jugendgeriicht net ka saiséiert ginn direkt an disponibel ass."

Den OKAJU hofft, datt d’Reform vum Jugendstrofrecht déi d‘Justizministerin Elisabeth Margue an de Kanner- a Jugendminister Claude Meisch am Mee presentéiert hunn, esou Fäll zukünfteg verhënnere wäert.

Hei dierf awer keng Hannerdier méi dra sinn, déi et erméiglecht Jugendlecher an den Erwuesseneprisong ze setzen, preziséiert de Charel Schmit.

D'Reaktioun vum Procureur d'Etat

De Procureur d'Etat David Lentz erkläert am 100,7-Interview, firwat am Moment esou vill Mineuren zu Schraasseg sëtzen. 

"Ech weisen awer drop hin, datt déi Jugendlech, déi an den Erwuesseneprisong kommen, net dohinner kommen einfach esou aus Spaass, mee à la base gëtt et eng Strofdot, déi zimmlech schlëmm ass. An zweetens ass d'Unisec voll."

David Lentz, Procureur d’Etat um Stater Parquet | © Morgane Weidig
David Lentz, Procureur d’Etat um Stater Parquet (Foto: Morgane Weidig)

Et wier net onwichteg ze ënnersträichen, datt ee pro Joer ongeféier 45 Mesure an d'Unisec huele géif. Dat wier ëmmer ee kuerzen Openthalt. Säi Fazit ass deen, datt d'Gesellschaft sech geännert hätt, de Parquet awer net. 

"Mir hunn och ëmmer d'Tendenz ze soen, et ass eisen éischte Choix, Diversiouns- an Alternativmoossnamen. Wann et awer net aneschters geet a wou eng Limitt muss gesat ginn, da soe mir, et geet duer. A priori gëtt et d'Unisec, a wann et net aneschters machbar ass, dann den Erwuesseneprison."

Mat Jugendleche muss een och schaffen. Se nees an op d'Strooss zeréckschécke wier een Echec, esou nach den David Lentz.

 

play_arrow Lauschteren