Honnerte Mënsche goufen deemools bei enger Massepanik am Kader vun der Finall vum Fussball-Europapokal vun de Landesmeeschter - haut Champions League - tëschent dem FC Liverpool a Juventus Turin blesséiert.
Nodeems Hooligans vu Liverpool mat ënner anerem Fläschen op d’Juventus-Supportere geschoss hunn, hunn déi probéiert ze flüchten. Ouni Succès, de Wee op den Terrain, an aner méiglech Ausgäng ware blockéiert. Eng Massepanik gouf ausgeléist a Leit goufen deelweis zertrëppelt. An de Joerzéngten drop hu sech d’Sécherheetsbestëmmungen a Stadien uechtert d’Welt verännert.
UEFA-Sécherheetskategorie 4 fir de Stade de Luxembourg
De Jörg Greuel a säi Büro Gerkan, Marg und Partner hu schonn eng Rëtsch renomméiert Stadien uechter d’Welt konzipéiert. Beispillsweis fir d’Weltmeeschterschaften an Däitschland, Südafrika a Brasilien oder och d’Europameeschterschaft 2012 a Polen an an der Ukrain.
De Jörg Greuel war och leedenden Architekt fir de Stade de Luxembourg. E Stadion, deen der UEFA-Kategorie 4 entsprécht - mat knapp 10.000 Plazen en éischter klenge Stadion.
“Es beginnt sozusagen schon mit den Zutrittsbereichen, in denen die Zuschauer das Stadion betreten, also die Art, wie das Ticketing funktioniert, wie die Personenführung organisiert ist, geht dann über die Tribünengeometrie bis hin eben zu den vorgeschriebenen Sicherheitseinrichtungen für Polizei, Feuerwehr und solche Themen.”
Déi sougenannt Tribünegeometrie spillt och eng grouss Roll fir en Architekt, wann en e Stadion plangt, erkläert de Jörg Greuel.
“Die Tribünen müssen ein ausgewogenes Verhältnis haben im Verhältnis zwischen den sogenannten Sichtlinien. Das heisst also, je steiler ein Stadion ist, desto besser werden natürlich die sogenannten Sichtlinien auf das Spielfeld, während aber der Sicherheitsaspekt natürlich gebietet, dass diese Tribünengeometrie eher flacher sich ausbildet, damit eben keine Stolpergefahr besteht oder Ähnliches bei den Bewegungen des Publikums im Fall von Panik.”
Léieren aus der Heysel-Katastroph gezunn: Terrain als Fluchtzon
Den Terrain selwer, soll dann och am Fall vu Panik als Fluchtzon hierhalen. Dat wier e grondleeënden Ënnerscheed zu der Katastroph am Heysel-Stadion an eppes, dat een doraus geléiert hätt, esou de Jörg Greuel.
Wat Fluchtweeër ugeet, wier de Stade de Luxembourg eent zu eent de Bestëmmungen no ëmgesat, seet den Architekt. Allerdéngs wier beim Stade de Luxembourg och nach e weideren Aspekt dobäikomm.
“Darüber hinaus gab es aber von der Stadt Luxemburg und auch von der Polizei und Feuerwehr seinerzeit zusätzliche Anforderungen, zum Beispiel die Videoüberwachung im gesamten Stadionaussenraum war ein Thema, was also hier zusätzlich umgesetzt wurde.”
Schutz géint Terrorattacken
Beim Plange fir e Stadion misst een da leider och vum Schlëmmsten ausgoen, wat d’Sécherheetsaspekter ugeet.
“Das war tatsächlich beim Stadion in Luxemburg auch eine Diskussion, weil ich mich daran erinnere, dass wir zu einer Zeit fertig geworden sind mit dem Projekt, als kurze Zeit vorher einige islamistische Terroranschläge, ich glaube, in Frankreich, passiert sind. Es gab also dieses Thema, den Vorplatz entsprechend zu sichern mit Pollern, um also zu verhindern, dass dort mit einem Fahrzeug zum Beispiel in Personengruppen reingefahren wird.”
Architekt frou iwwer Kader fir Sécherheetsbestëmmungen
7 Joer huet d’Plang- a Bauzäit fir de Stade de Luxembourg gedauert. Den éischte September 2021 huet d’Fussballnationalekipp dunn hiren éischte Match do gespillt. Fir de leedenden Architekt ass d’Tatsaach, datt et sech em en éischter klenge Stadion handelt, beim Plangen e Virdeel.
“Natürlich je mehr Personen ich evakuieren muss und je mehr Personen ihren Weg finden müssen letztendlich aus dem Stadion heraus, desto komplexer sind also tatsächlich die Konzepte, die man erstellen muss. Und es gibt eben dann auch regelrechte Evakuierungskonzepte, die erstellt werden von Fachleuten, die eben nachweisen, dass diese Anzahl Personen im Stadion in einer bestimmten Zeit das Stadion dann verlassen.”
D’Katastroph vun Heysel hätt awer dozou geféiert, datt d’Sécherheetsbestëmmungen iwwer Joerzéngten däitlech méi streng gi wieren, esou nach de Jörg Greuel. Als Architekt wier een awer dankbar dofir e klore Kader ze hunn, un deen ee sech beim Plange vun engem Stadion hale kéint - fir datt eng Katastroph wéi virun 41 Joer net nach eng Kéier virkënnt.
____________________________________________________________________________________________________________________________________________________________
Wat ass deemols geschitt?
D’Final vun der Coupe d’Europe vun de Landesmeeschter (haut wier den Equivalent d’Champions-League) tëschent dem FC Liverpool a Juventus Turin stoung um Programm.
Nieft dem Block, wou sech Hooligans vu Liverpool placéiert haten, sollt eigentlech en neutrale Block sinn. An awer war dee voll mat Supporter vun der anerer Ekipp: Juventus Turin. En UEFA-Funktionär hat sech vun engem italieenesche Reesbüro bestieche gelooss, an esou war aus engem neutralen, e schwaarz-wäisse Block ginn. Et koum zu géigesäitege Provokatiounen tëschent den Turiner an de Liverpooler. Déi hunn eng Reaktioun bei den engleschen Hooligans ausgeléist, déi fatal sollt ginn.
Mat lauter Géigestänn, ënner anerem mat Fläschen oder Steng vun der baufälleger Tribün aus dem Bréisseler Heysel-Stadion gouf op d’Juve-Supporter geworf. E puer Polizisten, déi tëschent de Bléck stationéiert waren hu sech fir hier eege Sécherheet duerch d’Bascht gemaach. An d’Situatioun ass weider eskaléiert. Déi englesch Hooligans hunn doropshin deelweis de Block gestiermt, wou déi italieenesch Supporter souzen, de Block Z. Eng Massepanik ass ausgebrach – an d’Leit wollte just nach eent: Flüchten.
Mee och heibäi hu sech déi fatal Problemer vum Heysel-Stadion gewisen. De Wee op den Terrain war duerch en Drot verspaart an d’Police huet deen och net opgemaach. D’Ausgäng waren och zou. Eenzegen Auswee duechten d’Leit aus Block Z, wier de Wee iwwer eng Mauer um Bord vum Block. Honnerte Leit hunn dogéint gedréckt, aner Supporter deelweis erdréckt a schlussendlech ass d’Mauer an e Koup gefall – op lauter aner Spectateuren. Déi meescht Doudesaffer, goufen duerch den Drock vun Honnerten anere Leit zerquetscht. Si si wuel erstéckt.
Trotz der Katastroph gouf de Match mat enger décker Stonn Verspéidung ugepaff. Juventus Turin huet 1:0 gewonnen, awer de Fokus louch op deem Dag net méi um Match.
Als Konsequenz kruten englesch Clibb jorelaang Späre fir europäesch Competitiounen. Den FC Liverpool souguer siwe Joer. Iwwerdeems krut de belsche Verband nach eng Strof fir de katastrophalen Zoustand vum Heysel-Stadion. 26 englesch Hooligans goufen zu Prisong verurteelt.