Den nationale Sportsmusée kënnt op Esch. Dat ass gewosst. E wäert um Site Rout Lëns an engem alen Industriegebai ënnerbruecht ginn. Seng offiziell Ouverture ass fir ugangs 2029 geplangt. Dee Moment ass en anere Musée, deen eppes mat Sport ze dinn huet, warscheinlech schonn zwee Joer op. Esou ass emol geplangt.
Eng 100 bis 200 Meter Loftlinn vun der Router Lëns ewech soll de de Jeunesse-Musée um Terrain op der Escher Grenz entstoen. De Projet ass gëschter um Dënschdeg virgestallt ginn. Een Haaptresponsabelen ass – wéineg verwonnerlech – den Historiker a fréiere Jeunesse-Spiller Denis Scuto.
"D'Jeunesse, dat sidd Dir"
Am 100,7-Interview erzielt hien, wéi eng Visitt vum Musée vun Eintracht Frankfurt den Ausgangspunkt fir dës Iddi war. Viru ronn engem Joer war hien nämlech do, fir eng Konferenz iwwer de Birtzen Néckel – fréiere Stade Diddeleng a Jeunesse Esch Spiller - ze halen, déi si gebueden haten, am Kader vun engem Konferenzzyklus zum Theema Widderstand.
De Projet soll participativ ginn. Dat heescht, Leit sollen Objeten, Dokumenter, Affichen oder och Zeitungsartikelen aus där Zeit zur Verfügung stellen.
“D’Iddi ass schonn, kollaborativ ze sinn, a respektiv ze soen: ‘D'Jeunesse, dat sidd Dir.’ Dat heescht, dat sinn d'Fans, dat sinn d'Frënn vun der Jeunesse, an d'Leit opzefuerderen, wa si wëllen, eeben eis ze soen, wat si hunn a mir dokumentéieren dat, Ob dat Ekipementer sinn, Objete vu Spiller, Trainer, Fotoen, Filmer, Fangeschichten, Saache ronderëm natierlech den Terrain, well de Grenzer Terrain ass natierlech och scho legendär.”
Comité a Gemeng stinn hanner dem Projet
Esou soll lues a lues an den nächsten zwee Joer de Musée opgebaut ginn, erkläert den Denis Scuto. Stand elo besteet also nach kee feste Plang, wéi dee Musée wäert ausgesinn. Kloer ass just, datt e wuel op d’Escher Grenz kënnt, wou deemnächst och eng nei Buvette entsote soll. Dem Denis Scuto no de perfekte Moment, fir eeben och e Raum fir de Musée virzegesinn.
“An d'Zil natierlech ass duerno deen eenzegaartege Patrimoine vun de Schwaarz-Wäissen dann ze preservéieren, ze valoriséieren an och natierlech ze vermëttelen.”
Fir datt dat och geschitt, kann ee sech dem Historiker no och voll op d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng Esch verloossen, déi genau wéi de Comité vun der Jeunesse Esch begeeschtert vun der Iddi sinn. An den nächste Woche soll de Schäfferot dem Escher Gemengerot de Projet och virstellen.
En trageschen Accident am Joer 1939
Enn dës Mounts gëtt dann och en neie Konferenzzyklus lancéiert. An deem Kader gi bis Mäerz all Mount eng Konferenz zum Theema Jeunesse Esch a Fussball zu Lëtzebuerg gehal. Déi éischt fënnt den 28. Oktober statt, an ass getitelt: “Tragesch Clubrees an Osteuropa”.
Am Summer 1939 huet d’Ekipp vun der Jeunesse eng 3 Woche laang Tournée duerch Polen a Litaue gemaach. Zu Kaunas koum et dunn zu engem trageschen Accident, wéi dat grousst Talent Adelio Mastrangelo an der Memel erdronk ass.
“An et ass impressionnant ze gesinn, wat duerno geschitt ass no deem Doud, wéi d'Escher Bevëlkerung, wéi déi ganz Sportswelt eigentlech, do mat getrauert huet.”
Weider Sujeten op de Konferenze sinn e vergiessenen Trainer mam Numm Max Gold, Jeunesser, déi fir d'Heemecht gestuerwe sinn, Lëtzebuerger Fussballspiller, déi am KZ waren. An ofgeschloss gëtt deen Zyklus dann och am Mäerz mat enger Visitt vum KZ Hinzert.
Weider Detailer fënnt een um Internetsite historesch.lu/jeunesse