Ufanks dës Joers wäerten e puer grouss Chantieren hei am Land op en Enn goen. Den Optakt maachen d'Aarbechte vun der Hammerel-Bréck zu Beetebuerg, déi am Mäerz erëm fir den Trafick opgoe soll.
Eng Partie Bréckesanéierungen
Am Hierscht 2025 wäert viraussiichtlech de Chantier um Viadukt zu Mënsbech ofgeschloss ginn. D'Bréck vun der Tréierer A1 war méi séier al ginn, wéi engem léif war, esou de Roland Fox, Direkter vun de Ponts et Chaussées.
"An do wäerte mir lo 2025 déi Jointen, déi momentan provisoresch ersat sinn, duerch definitiv Strukturen ersetzen. Ech ginn dervun aus, datt mir dee Chantier am Summer wäerte kënne maachen, wann allgemeng den Trafick bësse méi roueg ass."
An den nächste Jore géingen eng Partie Bréckesanéierungen um Autobunnsreseau op d'Automobilisten duerkommen.
"Déi kommen eben, well do och d'Infrastrukturen a bestëmmten Zäitraim gebaut gi sinn. Déi ginn alleguerte méi al, (...) , sou datt mir och do wäerten eisen Entretien bündelen, eben och fir vis-à-vis vun de Leit, fir do net een nom aneren ze remplacéieren, mee éischter op d’Itinerairen dann d'Jointe remplacéieren a Bëtongs-Sanéierunge maachen."
Enn 2025 soll d'Ëmgeeungsstrooss zu Dippech fäerdeg ginn. Am Moment leeft de Verkéier nach duerch d'Duerf, wou eng Barrière a Stousszäite bis zu 40 Minutten an der Stonn den Trafick ënnerbrécht.
Den Tram bis op d'Gare Houwald
E puer grouss Chantiere lafen dëst Joer awer och weider. Notamment den Ausbau vum Tramsreseau Richtung Houwald. D'Plattform iwwer d'Gare Houwald soll Enn 2025 fäerdeg ginn, esou den Direkter vu Ponts et Chaussées.
"Wou mir dann dovun ausginn, datt den Tram da seng Gleiser leeë kann. Ech soen ëmmer, mir maachen d'Bett, mir stellen d'Matrassen zur Verfügung, datt am Fong geholl den Tram herno kann driwwer kommen."
Hie geet och dovunner aus, datt am Summer schonn d'Plattform un der Gare Houwald fäerdeg wäert ginn, esou datt den Tram do fuere kann.
D'Sanéierungsaarbechte vun der Escher Autobunn A4 op der Héicht Steebrécken, esou wéi d'Ëmbauaarbechten op der Areler Autobunn A6 op der Héicht Capellen, zéie sech bis 2026.
De Projet N7 leeft nach bis 2029 weider. Heizou gehéiert déi 4,4 Kilometer laang Ëmgeeungsstrooss zu Housen, mat 7 Brécken an engem Tunnel vun 325 Meter.
Startschoss fir de Contournement vu Käerjeng
Den Ausbau vun der Diddelenger A3 soll 2030 ofgeschloss ginn. Vum Gaasperecher Kräiz bis op déi franséisch Grenz gëtt d'Autobunn hei vu 4 op 6 Spuere vergréissert. Op der Diddeleng A3 tëschent dem Gaasperecher Kräiz an der Air de Berchem wäerten am Laf vum Januar nees zwou Spueren a béid Richtungen opgoen. Dat huet de Mobilitéitsministère dem 100,7 schrëftlech matgedeelt.
Eng Première géif et dann am Stroossebau 2025 awer och ginn, esou de Roland Fox.
"Mir kucken, datt mir mat engem Passage à gibier ukommen iwwer d’A13. Dat ass eng Kompensatiounsmesure fir de Contournement vu Käerjeng, wou mir dem Wëld d'Méiglechkeet ginn, fir do ee Corridor écologique rëm hinzekréien, deen am Fong geholl duerch de Bau vun der A 13 verschwonne war."
Dat wäert dann och de Startschoss si fir de Chantier vum Contournement vu Käerjeng, esou de Roland Fox.
Och un de Vëlo gëtt geduecht
Nieft de sëllegen Autobunnsprojete géif een awer och an d'Mobilité douce investéieren. Dëst Joer géif ee probéieren, 10 néi Vëlospisten an de Chantier ze kréien, esou de Roland Fox. De Vëloswee PC27 vun der Polvermillen bis op d'Centser Gare géif ausgebaut ginn. An och un der PC3 vu Veianen op Schengen gëtt geschafft.
"Och op der Musel kucke mir, datt mir den Nückenschluss d'nächst Joer fäerdeg kréien. Ech denken och un de Groe Steen, uewen am Éislek bei Fueren, wou et op den Niklosbierg eropgeet, wou mir och de Vëlo an d'Grings kréien."
395 Milliounen Euro iwwerweist de Staat dëst Joer un de Fonds des Routes fir d'Realisatioun vun de verschiddene Projeten. Dat si 15 Millioune manner, wéi am leschte Staatsbudget virgesi waren.