Den neien entspriechenden Aktiounsplang vun der Sécurité routière soll am Januar virgestallt ginn. Den Ament ginn d‘Strofe fir Alkohol hannert dem Steier vun enger Geldstrof vun 145 Euro an zwee Punkten um Führerschäin hi bis zu enger Geldstrof vu bis zu 10.000 Euro an enger Prisongsstrof vu bis zu 3 Joer.
Et ass den Ament iwwerdeems net virgesinn, fir zu Lëtzebuerg Borne fir den Alkoholpeegel am Blutt ze moossen ze installéieren, esou nach d‘Minister. Legal kann den Alkoholpeegel am Blutt och just vun der Police mat entspriechende Moossgeräter festgestallt ginn.
Alkohol ass zu Lëtzebuerg weiderhin eng vun den Haaptursaache vu schwéieren an déidleche Verkéiersaccidenter.