arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV-Kongress: Partei wielt de Luc Frieden nees als President a spuert net mat Kritik

National

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

CSV-Kongress: Partei wielt de Luc Frieden nees als President a spuert net mat Kritik

Mat 8 Prozent manner Zoustëmmung wéi bei senger éischter Wiel zum CSV-President gouf de Luc Frieden um Kongress vun der Partei zu Ettelbréck op deem Poste confirméiert. 88,25 Prozent fir de Regierungschef hunn dobäi dat zweetschlechtst Resultat vun de Wale fir d’Haaptgremie vun der CSV duergestallt.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
De Luc Frieden um CSV-Kongress 2026 | © Eric Ewald
De Luc Frieden um CSV-Kongress 2026 (Foto: Eric Ewald)

Just de Generalsekretär Alex Donnersbach huet mat 83 Prozent Zoustëmmung nach méi schlecht ofgeschnidden.

De Luc Frieden huet deemno och bei der Parteibasis u Support verluer, nodeems hien am Dezember schonn am Politmonitor aus den "Top ten" vun de beléiftste Politiker erausgefall war. Dobäi hat hien an der Ried viru senger Erëmwiel op déi eegen an déi gutt Aarbecht vun deenen aneren CSV-Ministeren higewisen.

Luc Frieden: "Regierung huet scho vill geleescht"

Hie wéilt och Leit, déi net mat der Regierung d’Accord wären, nolauschteren, fir datt um Enn Wuelstand a sozial Kohäsioun fir d’ganzt Land entsteet, sot de Premier. Fir de Luc Frieden, hätt seng Regierung an de leschten zwee an engem hallwe Joer scho ganz vill geleescht.

"Mir hunn d'Kafkraaft vun de Leit gestäerkt. Mir hu méi soziale Wunnengsbau ugekuerbelt. Mir hu méi erneierbar Energië produzéiert. Mir hu méi Solidaritéit mat geziilte Sozialhëllefen an eist Land erabruecht. Mir hunn an deenen zwee an en halleft Joer enorm vill fir dëst Land erreecht. An dorop sinn ech als Partei- an als Regierungschef extrem houfreg."

Als Kapitän misst hie soen, datt dat eng gutt Ekippenaarbecht vum -Zitat-  "Team Luc" gewiescht wär, a seng Dier stéing ëmmer op fir de Sozialdialog am Land. Den CSV-President huet weider Aktiounen ugekënnegt, sollten d’Energiepräisser nach substanziell klammen.

Donieft géif d’Kannergeld d’nächst Joer erhéicht a géif beim Mindestloun och eppes gemaach ginn. D’Koalitioun mat der DP géif och fonctionéieren, well een an déi selwecht Richtung goe géif.

Laurent Zeimet schéisst géint d'LSAP

De Laurent Zeimet, CSV-Fraktiounschef an der Chamber, huet déi gutt Zesummenaarbecht mat der DP ënnerstrach, och wann ee sech net ëmmer eens wär.

Guer net d’Accord ass de Laurent Zeimet mat de Sozialisten an deenen hiren neie Presidente Maxime Miltgen a Georges Engel. Si all géife maachen, wat den OGBL virschreift, zum Beispill a Saachen Tripartite.

"Mir hätte scho ganz vill Tripartitte missen organiséieren, wann et hinnen nogaange wär, zu allem Méiglechen. Elo sinn déi zwee jo an der Nofolleg vum Christoph Kolumbus, well si wëssen net wouhin, si wëssen och net wou se ukommen, mä mir wëssen, ween d'Rechnung bezilt!"

D’LSAP wär fir Cotisatiounserhéijungen oder nei Steieren, ma d’Iddi vun Entlaaschtunge kéim hir ni, esou den CSV-Fraktiounspresident. Donieft huet d'CSV den LCGB kritiséiert, well och dee soe géif, datt en net genuch géif gehéiert ginn.

An och d’adr huet de Laurent Zeimet wéinst hirer pro-Russland-Politik kritiséiert. Am Géigesaz dozou géif de Premier Luc Frieden roueg handelen.

CSV spuert net mat Kritik - Och net géint europäesch Mammepartei

Och vu Säite vum Generalsekretär Alex Donnersbach gouf et Kritik un de Gewerkschaften, wéinst hirer Fuerderung no enger direkter Entrevue mam Premier iwwert de Sozialdialog, an doriwwer eraus un der EVP, der europäescher Mammepartei vun der CSV, wéinst där hirer Zesummenaarbecht am Europaparlament mat rietspopulisteschen a rietsextreme Parteien.

D’Ex-Deputéiert Marie-Josée Frank huet hirersäits d’Aschreiwe vun der Ofdreiwung an d’Verfassung kritiséiert. An de Generaltresorier Thierry Schuman huet betount, datt fir déi nächst Walen 1,5 bis 1,6 Milliounen Euro néideg wären.

play_arrow Lauschteren