arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2. Tour vun de Municipallen: Lénks Kandidate setze sech an zwou gréisste Stied duerch

Frankräich

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

2. Tour vun de Municipallen: Lénks Kandidate setze sech an zwou gréisste Stied duerch

Zu Paräis huet de Sozialist Emmanuel Grégoire mat ronn 51 Prozent vun de Stëmme gewonnen. Déi konservativ fréier Kulturministerin Rachida Dati, déi vum President ënnerstëtzt gouf, kënnt op nëmme ronn 41 Prozent. 

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Emmanuel Grégoire (Partie Socialiste) | © EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON
Emmanuel Grégoire (Partie Socialiste) (Foto: EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON)

Zu Paräis konnt de Sozialist Emmanuel Grégoire sech géint d’Ex-Kulturministesch Rachida Dati duerchsetzen. Lyon a Marseille bleiwen och an den Hänn vun der Gauche. De Rassemblement National schwätzt iwwerdeems vun enger grousser Victoire.

"Paräis gëtt keng Stad vun de Rietsextreemen"

Mat bal 10 Prozentpunkte Virsprong huet sech den neie Paräisser Buergermeeschter Emmanuel Grégoire duerchgesat. Eng däitlech Victoire, nodeems et d'lescht Woch nach no enger ganz knapper Entscheedung ausgesinn hat, well d'Riets an d'extreem Riets sech zesumme gedoen hate fir e weidere Buergermeeschter vun der Gauche ze verhënneren.

De Grégoire hat no senger Victoire dann och direkt e Message u seng Kontrahenten: Paräis wäert ni eng Stad vun de Rietsextreeme ginn.

Rassemblement National gewënnt a klenge Stied

Zu de Gemengen, déi den RN bei dëse Municipalle bei kritt huet, zielen och zwou Gemenge laanscht d’Musel, Amnéville a Saint-Avold. Nieft der Victoire vum Rassemblement Nationale an de méi ländleche Regiounen, gesäit d’Chefredactrice vum Radio ICI Lorraine, d’Fanette Hourt eng weider Tendenz bei dëse Municipallen.

An de grousse Stied wéi Metz oder Thionville wier d’Walbedeelegung extrem niddereg gewiescht. Metz beispillsweis wier zwar eng Stad wou d’Leit manner d’Tendenz hätt wielen ze goen. Eng Abstentioun vun iwwer 56 Prozent wier awer och fir Metz historesch. De ganzen Interview mat der d’Chefredactrice vum Radio ICI Lorraine kënnt dir hei lauschteren.

Marseille bléift an den Hänn vun der Gauche

De Parteichef Jordan Bardella sot, et wier de gréissten Duerchbroch vu senger Partei, déi elo esou vill Gemengen ënner hirer Féierung huet wéi nach ni. Och wann den RN virun allem a méi kléngen a mëttelgrousse Stied Erfolleger verbuche konnt, ass een an de Groussstied ënner den eegenen Erwaardunge bliwwen. 

Zu Marseille hat et laang no enger ganz knapper Wal ausgesinn. Den amtéierende Buergermeeschter vun der Gauche, de Benôit Payan, konnt sech um Enn awer mat groussem Virsprong géint den RN-Kandidat duerchsetzen.

Anescht gesäit et zu Nice aus, wou de Rassemblement-National-Alliéierten Eric Ciotti sech duerchsetze konnt.

LFI schwätzt vu Victoire

Och d’Lénkspartei La France Insoumise huet vun enger Victoire geschwat. Och wann een a Stied wéi Toulouse net déi erhoffte Resultater konnt erreechen.

Een Ex-Premier, den Edouard Philippe, konnt sech am Havre am Amt halen. Een aneren Ex-Premier, de François Bayrou, muss iwwerdeems zu Pau eng Defaite akzeptéieren.

Eng Analys zu de Gemengewalen a Frankräich, vun eisem Korrespondent Max Tholl, kënnt Dir hei lauschteren.

play_arrow Lauschteren