arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wladimir Putin dementéiert Schold um Krich an der Ukrain

Jorespressekonferenz zu Moskau

|
headphones

1 min

Wladimir Putin dementéiert Schold um Krich an der Ukrain

De russesche President Wladimir Putin huet op senger traditioneller Pressekonferenz um Enn vum Joer gesot, datt Russland keng aner Länner wéilt ugräifen, wann et mat Respekt géif behandelt ginn. Hien huet de Westen op en Neits beschëllegt, Moskau bedrunn ze hunn an d‘NATO wëllen ze erweideren.

headphones

1 min

Wladimir Putin (Archiv) | © picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool
Wladimir Putin (Archiv) (Foto: picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool)

De Ball, fir de Krich an der Ukrain ze stoppen, léich beim Westen an zu Kiew.

Russland wier och net responsabel fir déi Doudeg an der Ukrain, well Russland dëse krich net ugefaangen hätt, sou de Putin op senger Pressekonferenz, déi live op der russescher Televisioun iwwerdroe gouf.

2 Millioune Froen un de Wladimir Putin 

Kombinéiert gëtt d‘Pressekonferenz mat der Televisiounsshow "Den direkten Drot", bei där russesch Bierger:innen dem Putin hir Problem kënnen erzielen an hien ëm eng Léisung bieden.

Déi staatlech russesch Tëlee huet matgedeelt, datt am ganzen 2 Millioune Froen era komm wieren.