Am zweete Prozess kréie sechs Beschëllegt Falschaussoen am éischte Prozess vun 2013 an 2014 virgehäit.
Fir de Me Pierret an d’Me Ewerling, d’Affekote vum Guy Stebens, hätt hire Client awer net nëmmen näischt falsch, mee virun allem och keng eenzeg Falschausso gemaach.
Jidderee kéint eppes vergiessen
“En Zeie weess eppes oder net. Eise Client ass awer virun 12 Joer ausgequetscht ginn. Da kommen Onsécherheeten eraus.” Sou huet de Me Pierret d’Optrëtter vum Guy Stebens am éischte Bommeleeër-Prozess beschriwwen. De Mandant wier duerno als notoresche Ligener dohi gestallt ginn a géif mat deem Ruff duerch d’Land lafen. Dobäi hätt hien “en âme et conscience” ausgesot.
Et kéint jiddereen eppes vergiessen: Sou wier nämlech en zweeten “Kaffiskränzchen” am Virfeld vum éischte Prozess tëscht der fréierer Procureure d’État adjointe Doris Woltz, dem Ex-Procureur général d’État Roby Biever an dem Prënz Jean, dem Brudder vum Grand-Duc Henri, net am Dossier ze fannen.
Kee wëllentlechen oder wëssentleche Schued, sou Affekot
Am Zesummenhank mam duebelen Attentat um Findel, am November 1985, wollt een Zeie jo de Prënz Jean op der Plaz erkannt hunn. Et sief bemierkt, datt deen zweete Kaffiskränzche ganz kuerz en Thema war am éischte Bommeleeër-Prozess, nieft engem éischte “Kaffiskränzche” vum Roby Biever mam fréiere Chef vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie, Ben Geiben. Heizou sot de Me Pierret no der Sëtzung, datt déi Reuniounen néierens am Dossier wieren, se awer stattfonnt hätten.
"An dat ass trotzdeem, ech hunn et e Skandal genannt, haaptsächlech well de Parquet mat dobäi war.”
Fir de Me Pierret wier den éischte Prozess ee gewiescht, an deem vergiess gi wier. Dat awer net wëllentlech an och net wëssentlech, fir engem ze schueden oder d'Geriicht an d'Ier ze leeden.
Fir de Guy Stebens misst et zu engem Fräisproch kommen, well keng eenzeg Falschausso vun him virléich, sou nach de Me Pierret.
De Mëttwochmëtteg geet den zweete Bommeleeër-Prozess virun.