search

/ 2.200 Schüler:innen méi wéi bei der leschter Rentrée: "Dat ass een Challenge"

Educatioun

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

2.200 Schüler:innen méi wéi bei der leschter Rentrée: "Dat ass een Challenge"

Bei senge Prioritéite fir d’Schoulrentrée probéiert den DP-Educatiounsminister Claude Meisch op déi rezent PISA-Resultater ze reagéieren. Zu den Haaptprioritéite gehéieren deemno eng méi grouss Sproochenoffer am Fondamental wéi och am Secondaire, an d’Fërderung vun de Lieskompetenzen.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

De Minister nennt et d’Rentrée vun der Gerechtegkeet. Eng Rei Reforme géifen déi Gerechtegkeet erbäiféieren. Vum Projet ALPHA, bis hin zum nationalen Inklusiounsplang, der Reform vun der Voie de préparation, der Schoulflicht bis 18 Joer, dem neie Plan d’études, an de francophone Klassen am Secondaire.

Liewensëmstänn och vun doheem kucken

Den DP-Minister huet zouginn, datt him d’PISA-Resultater, bei deene Lëtzebuerg schlecht ofgeschnidden huet, net gefalen. Iwwer d’PISA-Diskussiounen eraus misst een och eng Gesellschaftsdiskussioun féieren, mengt de Claude Meisch.

“Ech denken, datt mer mussen eis bewosst ginn, wat d'Limitte sinn. Wa mer soen d'Liewensëmstänn vun de Kanner, well wa mer iwwer sozioekonomesch Facteure vun der Famill schwätzen, wou d'Kanner eraus an an d'Schoul kommen, da beschreift dat jo eppes, wat doheem stattfënnt."

Op mat déi gréisste Reform, der Méiglechkeet entweder op Däitsch oder op Franséisch alphabetiséiert ze ginn, wieren d’Schoule gutt virbereet, do war sech de Minister sécher.

Organisatoreschen a logisteschen Challenge

An den nächste Woche géing nach eng Kéier eng Informatiounscampagne fir de breede Public gemaach ginn. Nieft den inhaltleche Reforme wier och déi ëmmer méi grouss Unzuel u Schüler een Challenge. 

"2.200 Schüler:inne méi, wéi dat bei der leschter Rentrée de Fall war. Et ass och een Challenge, dat doten organisatoresch a logistesch ze packen, ze maîtriséieren."

D’nächst Woch sollen d’PISA-Resultater nach mat alle Schoulpartner, an och an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert ginn.

play_arrow Lauschteren