arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 10 Persounen an Nigeria gekidnappt

Entféierungswell

|
headphones

1 min

10 Persounen an Nigeria gekidnappt

An Nigeria goufen um Méindegowend 10 Leit aus engem Duerf am Oste vum Land gekidnappt. Schonn d‘lescht Woch goufen an engem Nopeschduerf 35 Mënschen entfouert. Déi goufen awer alleguer nees fonnt.

headphones

1 min

© picture alliance / Zoonar | Tomas Griger
(Foto: picture alliance / Zoonar | Tomas Griger)

Am westafrikanesche Land kënnt et den Ament nees zu enger Well un Entféierungen, zu deenen sech bis elo keng Grupp bekannt huet. 

D‘lescht Woch goufen uechter d‘Land ëmmer nees Kanner entfouert. Notamment 303 Schüler:innen an 12 Proffen aus enger kathoulescher Schoul.

Zënter 10 Joer kënnt et an Nigeria zu sou Entféierunge vu Banden. Dat dacks mam Zil, fir Léisegeld ze kréien.