arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 10 Joer no den Attacken zu Paräis

Frankräich

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

10 Joer no den Attacken zu Paräis

Frankräich trauert haut ëm d'Affer mat enger Zeremonie an der Aweiung vun engem Gedenkuert. Wéi huet d’Terrornuecht d'Land verännert a wéi geet een haut mat der Terrormenace ëm? Eng Analys vun eisem Korrespondent Max Tholl

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Schosslächer no den Attentater zu Paräis 2015 | © EPA/MALTE CHRISTIANS GERMANY
Schosslächer no den Attentater zu Paräis 2015 (Foto: EPA/MALTE CHRISTIANS GERMANY)

Et si grujeleg Zeenen, déi sech um Owend vum 13. November 2015 an der franséischer Haaptstad ofspillen. De Stade de France, Restauranten a Bistroen am 11. an 10. Arrondissement an de Concertssall Bataclan falen dem Terror zum Affer.

Et ass déi déidlechst Attack an der Geschicht vum Land. De Schock an d’Trauer si grouss, wéi d’Reaktioune vun der Populatioun weisen, déi France Télévision den nächste Moien diffuséiert.

E Liewe virun an nom 13. November 2015

Et ass den Héichpunkt vun enger Well vun Attacken, dorënner déi op d’Redaktioun vu Charlie Hebdo oder déi zu Nice 2016. Fir Frankräich - a Paräis speziell - gëtt et ee Liewe virum an eent nom 13. November 2015. D’Attacken hunn entscheedend Konsequenzen, déi d’Stad a Land nach haut prägen. Nach wärend am Bataclan geschoss gëtt, rifft den deemolege President François Hollande den Noutstand aus.

Dësen dauert zwee Joer, mee d’Sécherheetspolitik ass bis haut dovu gekennzeechent. Eng Rei Anti-Terror-Gesetzer maachen aus Noutstandsmesuren Alldag. D’Sécherheetsbeamte kréie méi Pouvoir, kënne méi einfach Perquisitiounen duerchsetzen, ëffentlech Plazen ofspären an iwwerwaachen. D’Militärtruppe vun der Opération sentinelle goufen awer och géint d’Gilets Jaunes agesat oder fir déi illegal Migratioun ze bremsen. Fräiheetsrechtler warne virun engem autoritäre Sécherheetsstaat.

De Kampf géint den Terror gëtt nom 13. November och ëmmer méi staark un d’Immigratiounspolitik gekoppelt. Besonnesch de rietsextreeme Rassemblement National instrumentaliséiert d’Angscht an der Populatioun. Den Dag no den Attacke seet d’Marine Le Pen: Frankräich muss seng Grenzen nees kontrolléieren. D’Land gouf attackéiert, well et ufälleg ass.

Manner Organisatioune mee méi Eenzeltäter

Mee d’Terrorgefor bleift bestoen, verännert sech am Laf vun de Joren. Et sinn haut manner organiséiert Terrorzellen, déi am Numm vun Organisatioune wéi dem Islamesche Staat handelen, mee éischter Eenzelpersounen, déi sech online radikaliséieren.

Manner professionell, mee dofir och méi onberechenbar. Meeschtens a Frankräich gebuer an och ëmmer méi jonk. 70 Prozent vun de Persounen, déi haut a Frankräich am Kontext Terrorismus festgeholl ginn, hu manner wéi 21 Joer.

Och zéng Joer no der Terrornuecht bleift Frankräich traumatiséiert, ëmmer nach ass d’Angscht virun enger neier Attack immens present. Dat huet een zum Beispill d’lescht Joer fir d'Olympesch Spiller zu Paräis an aller Däitlechkeet spiere kënnen.

Och dës Woch ass nees méi Police op de Stroossen ënnerwee. Den Inneminister Laurent Nunez sot, den 10. Joresdag géif an engem Kontext vun nationalen an internationalen Tensioune stattfannen. Mee et huet een och geléiert mat dëser Angscht ze liewen, se ze akzeptéieren. Op dësem Donneschdeg steet haut, 10 Joer nom Horror, virun allem d’Mënschlechkeet am Fokus.

play_arrow Lauschteren