Klassik Album vun der Woch
Suitte vum Dieupart a Bach
5 min
De Ensembel Marsyas Baroque
Den Ensembel Marsyas Baroque, dat sinn d'Paula Pinn op der Blockflütt, d'Maria Carrasco Gil op der barocker Gei, d'Konstanze Waidosch um Barockcello, Violoncello piccolo an der Viola da gamba an d'Sarah Johnson Huidobro um Cembalo.
En éischten Album mat Suitte vum Bach an Dieupart
De Charles François Dieupart war e Komponist, Geiist an Cembalist, deen zum Bach sengen Zäite gelieft huet an zimmlech erfollegräich war, awer a Vergiessenheet geroden ass. Den Ensembel Marsyas Baroque wëllt mat sengem éischten Album deem manner bekannte Komponist erëm méi Opmierksamkeet ginn.
De Bach huet den Dieupart kopéiert
Ob si sech perséinlech kannt hunn ass net gewosst. Mee de Bach huet dem Dieupart seng Musek kannt. Et gëtt souguer eng Ofschrëft vu senge sechs Suitten, déi de Bach selwer ofgeschriwwen huet, wat dorop hiweist, datt de Bach sech mat de Suitten auserneegesat huet. An dat héiert een a sengen Englesche Suitten. Dobäi ass d’Änlechkeet wierklech net iwwerflächlech. De Bach benotzt zum Beispill musekalesch Motiver aus dem Dieupart senge Suitten a sengen Englesche Suitten.
Presentéiert vum
- Marie Trussart