A Polen huet déi nei Regierung domat ugefaangen hir Walverspriechen ëmzesetzen. De Premier Donald Tusk schréckt net virdrun zeréck, dee ganz ëmstriddenen Sujet vun der Ofdreiwung unzegoen. Hie géing geschwënn ee Gesetz proposéieren, dat d'Ofdreiwung nees legal mache soll.
Fir d'éischt gouf elo d'lescht Woch eng Gesetzesännerung ugeholl, déi et méiglech mécht, d'"Pëll duerno" vu 15 Joer un ouni Ordonnance ze kréien.