100komma7.lu / Biotop

/ Päiperleksmonitoring an Insektesummer

Päiperleksmonitoring an Insektesummer

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

9 min

Spéitstens zanter der Krefelder Studie gouf d’Theema Insektestierwen och am Alldag aktuell. Weltwäit stierwen Insektenzorte méi séier aus, wéi neier entdeckt ginn. Och zu Lëtzebuerg ass den Zoustand kritesch, problematesch ass dobäi, datt mir iwwer vill Insekten net genuch wëssen, an et esou fir munch Aart schonn ze spéit ka sinn, fir se nach ze retten. Fir dësen Trend ophehale spillt de Monitoring eng wichteg Roll, d. h. d’Beobachtung vun den eenzelen Aarten. Dobäi läit de Fokus dacks bei de Päiperleken. Se iwwerhuelen eng wichteg Roll am Ökosystem a ginn als Schlësselaart bezeechent, a se si bei de Leit extreem beléift.

Stellvertriedend fir d'Päiperleke féiert d'Stëftung natur&ëmwelt ee Monitoring vum bloschillernde Feierfalter duerch. Duerch d’Beobachte vun dësem klengen, seelene Päiperlek kënne mir méi iwwer säi Liewensraum, de Fiichtgebidder, souwéi aner Aarte léieren. Niewent dem Monitoring ginn et awer och aner Aktivitéite fir d’Insektewelt jiddwerengem méi no ze bréngen. Jiddweree kann och eppes fir si mat einfachste Mëttel ënnerhuelen. Invité ass de Kevin Jans, Gestioun vun den Terraine bei der natur&ëmwelt ASBL.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Sandschmuewel - Vull vum Joer 2026 | © Patric Lorgé

Sandschmuewel - Vull vum Joer 2026

Wéi all Joer gouf och dëst Joer de Vull vum Joer 2026 gewielt. Et handelt sech heibäi ëm eis klengst Schmuewelaart, nämlech d’Sandschmuewel.
headphones

7 min

play_arrow
Daucus carota subsp. sativus - Muerten | © Bigstock

Daucus carota subsp. sativus - Muerten

Knackeg, orange a gesond: Muerte schmaache gutt, si voller Power an dat eelste Wuerzelsgeméis op der Welt.
headphones

11 min

play_arrow
D’Fréijoer kënnegt sech dobaussen un | © Photonew

D’Fréijoer kënnegt sech dobaussen un

No engem gefillt ze laangen a groe Wanter weise sech dobaussen déi éischt Zeeche vum Fréijoer.
headphones

10 min

play_arrow
Eis Vulle schützen an der Agrarlandschaft | © Copyright: Guillaume Boulanger

Eis Vulle schützen an der Agrarlandschaft

Dat mat Hëllef vun engem spezialiséierten Aarbechtsgrupp.
headphones

9 min

play_arrow
Wetland day - D’Fiichtgebitter zu Lëtzebuerg erhalen

Wetland day - D’Fiichtgebitter zu Lëtzebuerg erhalen

Den 2 Februar ass den internationalen Dag vun de Fiichtgebidder
headphones

11 min

play_arrow
Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht am Dräilännereck

Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht am Dräilännereck

Op der Musel gëtt et vill grenziwwerschreidend Kooperatiounen. LEADER Miselerland ass do besonnesch aktiv an huet eng jett transnational Projete lancéiert.
headphones

13 min

play_arrow
Hanner de Kulisse vum LTA: Vill Rechercheprojeten an e BTS Studiegang | © Gustavo Fring / Pexels

Hanner de Kulisse vum LTA: Vill Rechercheprojeten an e BTS Studiegang

De Lycée Technique Agricole genéisst hei am Land eng sougenannten Exklusivroll. Et ass deen eenzege Lycée, an deem een déi sougenannte gréng Beruffer léiere kann.
headphones

14 min

play_arrow
Dréchemaueren zu Lëtzebuerg | © Bigstock

Dréchemaueren zu Lëtzebuerg

Dréchemaueren si stabil Konstruktiounen. Si besti just aus Steng. Et gëtt kee Bëtong verschafft. Se ze bauen ass e faszinéierend Handwierk. A se si besonnesch Liewensräim.
headphones

10 min

play_arrow
Huewer: net just Fudder fir Päerd | © Bigstock

Huewer: net just Fudder fir Päerd

Huewer gëllt als Superfood. Et ass eng regional Planz, si ass bëlleg a gutt fir eis Gesondheet.
headphones

12 min

play_arrow
De Mëspel: Zauberpflanz oder Gefor fir d'Beem? | © Bigstock

De Mëspel: Zauberpflanz oder Gefor fir d'Beem?

De Mëspel: tëschent Mythos a Realitéit - vun der helleger Planz bei de Gëtter bis zur Gefor fir eis Uebstbeem an de Bongerten
headphones

12 min

play_arrow
LEADER Projet Regional EnergieKooperativ | © LEADER Lëtzebuerg West

LEADER Projet Regional EnergieKooperativ

Zil ass et déi nohalteg Energieversuergung bei de Gemengen an de Bierger:innen ze fërderen.
headphones

9 min

play_arrow
Eng gutt Aktioun | © Bigstock

Eng gutt Aktioun

De 72 Stonne Bam-Planz-Challenge
headphones

13 min

play_arrow
De Wäert vun engem Bam | © Bigstock

De Wäert vun engem Bam

De Wäert vun engem Bam kéint net mei villfälteg sinn. E leescht eis ekologesch, ekonomesch a sozial Déngschter, déi net ze ënnerschätze sinn.
headphones

7 min

play_arrow
Nohaltegen Tourismus - Transnationale Projet | © Bigstock

Nohaltegen Tourismus - Transnationale Projet

Sujet vun engem Kooperatiounsprojet Projet tëschent der Regioun Mëllerdall a LEADER-Gruppen aus Finnland an Irland.
headphones

9 min

play_arrow
Uferrandsträifen an Hochstaudenfluren

Uferrandsträifen an Hochstaudenfluren

E Liewensraum mat enger grousser Schutzfunktioun
headphones

8 min

play_arrow
LEADER beweegt déi ländlech Regiounen zu Lëtzebuerg | © Bigstock

LEADER beweegt déi ländlech Regiounen zu Lëtzebuerg

LEADER ass eng EU-Initiativ, déi innovativ Iddien an nohalteg Entwécklung am ländleche Raum ënnerstëtzt. Si setzt dobäi op regional Zesummenaarbecht an aktiv Biergerbedeelegung.
headphones

7 min

play_arrow
Kabesmatsch | © Bigstock

Kabesmatsch

Kabes ass Superfood, gesond an einfach am eegene Gaart ze zillen.
headphones

14 min

play_arrow
Dag vum Bam : Resilient Bëscher an Zäite vum Klimawandel

Dag vum Bam : Resilient Bëscher an Zäite vum Klimawandel

Am Klimawandel gi Bëscher staark gefuerdert. Resilienz, heemesch an zukunftsfäeg Bamarten sinn de Schlëssel fir natierlech, divers a vital Bëscher.
headphones

8 min

play_arrow
Biodiversitéitkris och bei Notzplanzen | © Bigstock

Biodiversitéitkris och bei Notzplanzen

Net nëmme bei de Wëllplanzen, mee och bei de Kulturplanzen huet d’genetesch Vilfalt an de leschten honnert Joer staark ofgeholl.
headphones

15 min

play_arrow
Landwirtschaft a Biodiversitéit | © Bigstock

Landwirtschaft a Biodiversitéit

Eng Kulturlandschaft als Liewensraum
headphones

14 min

play_arrow