Dee fréieren hollänneschen Ausseminister Wopke Hoekstra soll Successeur vum Frans Timmermans ginn, deen an der EU-Kommissioun responsabel fir de Klimaschutz war.
Virdrun muss d’Europaparlament gréng Luucht ginn. Do awer gëtt et Kritik um Kandidat Hoekstra. Gëschter Owend huet hie sech de Froe vun den Europadeputéierte gestallt.