Kultur um 5
Kultur um 5
55 min
Et geet an de Cercle Cité, do ass nämlech aktuell d'Ausstellung “Hors d’oeuvre” ze gesinn, mam Theema zäitgenëssesch Konscht an Narung. D'Kerstin Thalau hat d'Geleeënheet mat der Curatrice, der Anastasia Chaguidouline, doriwwer ze schwätzen.
Déi lescht Deeg waren an der Rockhal d'Auditioune fir den Eurovision Song Contest. No der Preselektioun sicht hei e Jury déi lescht Kandidaten a Kandidatinnen eraus, aus deenen dann de 27. Januar de Museker, oder d'Musekerin erausgesicht gëtt, deen oder déi Lëtzebuerg nächst Joer zu Malmö vertrëtt. De Joé Bierchen war sech esou eng Auditioun ukucken.
Presentéiert vum
- Pit Walté