Klassik Album vun der Woch
Kloer Stëmmen an der Däischtert
7 min
“Clear Voices in the Dark” heescht deen neien Album vum amerikanesche Kammerchouer Skylark. Den Ensembel erënnert programmatesch un zwee tragesch Kricher: engersäits den amerikanesche Biergerkrich, anerersäits den Zweete Weltkrich. Musikalesch dréckt sech dat a Lidder aus dem Biergerkrich an dem Zyklus “Figure Humaine” vum Francis Poulenc aus. Grad an dësen Zäiten ass den Album thematesch leider héichaktuell. Musikalesch huet e seng Stäerkt virum allem an den Interpretatioune vu Skylark, deen et fäerdegbréngt, zwee ganz verschidde Genrë beieneenzebréngen.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes