Klassik Album vun der Woch
Entdeckungen
6 min
Entdeckerfreed
De Mahler Chamber Orchestra ass en autonomen Orchester, an deem net einfach ee Manager d’Soen huet, mee d’Musekerinnen an d’Museker. An esou presentéiert sech dëse Kammerorchester als e Klangkierper, dee permanent op der Sich ass no neien artisteschen Aventuren. Dat gëtt och an der Programmatioun vun hirem neien Disk däitlech. Nieft der “Pulcinella Suite” vum Igor Stravinsky ginn nämlech och zwee éischter onbekannt Wierker vum Manuel de Falla gespillt: de Concerto fir Cembalo an Orchester an déi kuerz Oper “El retablo de maese Pedro”.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes