D’EU an d’USA schaffen enk zesummen - dat war gëscht den Message, wéi d’amerikanesch Finanzministerin Janet Yellen hei zu Lëtzebuerg op Besuch war.
Beim Echange mat den EU-Finanzministeren huet si den Engagement vun hirem Land fir der Ukraine weider ze hëllefen, ënnerstrach - eppes wourop déi europäesch Partner gewaart hunn. An der Sträitfro iwwert déi amerikanesch Stroftaxen op Stol an Aluminium aus der EU koum een allerdengs net virun .