An der Europäescher Unioun ginn ëmmer nees fäerdeg Gesetzestexter, iwwer déi sech d’Memberlänner mam Europaparlament no laange Verhandlungen eens goufen, a Fro gestallt.
Dat lescht Beispill ass dat vill diskutéiert Naturschutzgesetz, dat elo riskéiert am Tirang ze bleiwen.
Wat ass ee politeschen Accord tëschent den EU-Institutiounen an där legaler Prozedur iwwerhaapt nach wäert, froe sech ëmmer méi Observateuren zu Bréissel.