Klassik Album vun der Woch
Bruckner 2
7 min
Firwat déi lescht Fassung?
De Bruckner ass bekannt dofir, seng Sinfonien ëmmer nees iwwerschafft ze hunn. Och bei der Nummer 2 ass dat de Fall. Nodeems an engem éischte Schrëtt d'Instrumentéierung an an engem zweete Schrëtt d'Form iwwerschafft goufen, ass dës lescht Fassung aus dem Joer 1877 e verhältnesméisseg kompakt Wierk. Soumat ass dës Opnam e gudde Choix als éischten Disk vum Bruckner sengem 200.Jubiläumsjoer.
E richtege Bruckner-Interpret
Den Dirigent Gerd Schaller huet 2011 säi Projet BRUCKNER2024 an d'Liewe geruff. Zil ass et fir all d'Sinfonië vum éisträichesche Romantiker, an all hire Fassungen, opzehuelen. Dësen Disk, mat der zweeter Sinfonie, ass also Deel vun engem groussen Zyklus.
An déi sougenannte “Pausensinfonie” gouf an der Kierch vun engem Klouschter zu Ebrach, a Bayern, opgeholl. Den Hall ass, wéi den Dirigent selwer seet, wichteg fir déi Spannungspausen ze markéieren. Och wann den Hall fir deen een oder anere kéint bëssen ze staark sinn, spillt den Orchester Philharmonie Festiva mat grousser Transparenz. Déi vill Stëmmen aus deenen eenzelen Instrumentegruppen, déi a verschidde Passagen all zesummekommen, sinn däitlech a Schichten erauszehéieren. Doduerch ass dës Interpretatioun weder iwwerlueden, nach schwéierfälleg, an awer energesch a stramm am Toun, do wou et gefuerdert ass.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes