100komma7.lu / Biotop

/ De Naturschutzzentrum Biodiversum Camille Gira op der Musel

De Naturschutzzentrum Biodiversum Camille Gira op der Musel

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

10 min

De Biodiversum Camille Gira, ee vun de 5 Centres Nature et forêts vun der Naturverwaltung, läit op enger klenger Hallefinsel direkt beim wonnerschéinen Haff Réimech an invitéiert de Visiteur, d’Villfalt vun der Natur vum Gebitt ze entdecken. Aus dem deemolegen Ofbau Gebitt ass eent vun de schéinsten an ökologesch wäertvollste Fiichtgebitter ze Lëtzebuerg ginn.

An engem Gebai ganz aus Holz a mat enger spannender Architektur fann dir eng Ausstellung op zwou Etgen iwwert d ‘Wichtegkeet vun der Biodiversitéit, de Liewensraum Weier, de Vullenzuch esou wéi iwwert déi historesch a geologesch Entwécklung vum Museldall.

D ‘Haaptaufgab vum Zentrum ass d ‘Sensibiliséierung vun der Ëffentlechkeet wéi och vu Schoulklassen am Beräich Nohaltegkeet, Natur- an Aarteschutz.

De Biodiversum ass och den Ausgangspunkt vun enger Entdeckungstour déi iech ronderëm d ‘Weiere vum Haff Réimech féiert.

Invité ass de Steve Jungen, Responsabel vum Biodiversum an der Sensibiliséierung bei der Naturverwaltung.

Episoden

Héichsaison fir de Spinat

Héichsaison fir de Spinat

Iwwer 50 Zorte Spinat gëtt et. Och wann e keng Superkräften ausléist, ass et awer e ganz gesond Geméis, dat einfach am Gaart ze zillen ass.
headphones

14 min

play_arrow
Mediterran Uebstbeem

Mediterran Uebstbeem

Firwat déi Beem interessant fir den eegene Privatgaart kënne sinn.
headphones

14 min

play_arrow
Uebstsaison zu Lëtzebuerg | © Bigstock

Uebstsaison zu Lëtzebuerg

D‘Bongerten prägen eis Landschaft, a ganz besonnesch am Natur- & Geopark Mëllerdall. Si sinn en Deel vun eiser Geschicht an hunn eng grouss Bedeitung fir d’Biodiversitéit.
headphones

11 min

play_arrow
Euro Birdwatch Weekend de 4. a 5.10.2025 | © Bigstock

Euro Birdwatch Weekend de 4. a 5.10.2025

Vu Juli bis Mëtt November zeie weltwäit Milliarde Vulle vum Norden an de Süden, och zu Lëtzebuerg kann een dësen Naturphenomeen erliewen.
headphones

13 min

play_arrow
Onkraut oder Wëllkraut - geschützten Akerplanzen

Onkraut oder Wëllkraut - geschützten Akerplanzen

Feierblumm, Karblumm a Co.: Firwat gesi mir hautdesdaags ëmmer manner där faarweger Felder an der Landschaft a wéi kann een déi bedrote Planzenaarte schützen?
headphones

14 min

play_arrow
Quellen am Mëllerdall an hir Opwäertung | © picture alliance / imageBROKER | Stefan Ziese

Quellen am Mëllerdall an hir Opwäertung

Zil vum Projet ass déi ekologesch Opwäertung vu geschiedegte Quellen am Mëllerdall
headphones

8 min

play_arrow
Exotesch a schaarf

Exotesch a schaarf

Chilli, Habanero, Jalapeno, oder Peperoni
headphones

11 min

play_arrow
Naturnoe Gaart | © Bigstock / Julia700702

Naturnoe Gaart

Eng Oas fir d'Déieren
headphones

8 min

play_arrow
D'Kobolden aus der Nuecht | © SIAS

D'Kobolden aus der Nuecht

De Steekauz, eng vun de klengsten Eilenaarten, déi sech gären an der Noperschaft vum Mënsch ophält an op seng Ënnerstëtzung ugewisen ass.
headphones

9 min

play_arrow
Wat ass en ekologischen Ausgläich?

Wat ass en ekologischen Ausgläich?

En ëffentlechen oder private Bauhär, deen duerch säi Bauprojet geschützte Biotopen zerstéiert, muss dës Zerstéierung kompenséieren.
headphones

10 min

play_arrow
Ee Beien/Insekten-frëndleche Gaart

Ee Beien/Insekten-frëndleche Gaart

Et ass net schwéier am eegene Gaart ze hëllefen, fir géint d'Insektestierwen virzegoen
headphones

11 min

play_arrow
Wëllbeienhotel & Insektenzielen | © Bigstock / Ondrej Novotny

Wëllbeienhotel & Insektenzielen

Wat si gutt Virausetzungen fir d'Hoteller opzeriichten, a wéi kann ee matmachen bei der Zielung?
headphones

13 min

play_arrow
Den Naturschutz kennt keng Grenzen: Natura 2000

Den Naturschutz kennt keng Grenzen: Natura 2000

Natura 2000 Gebitter sollen hëllefen, Liewensraim fir si an aner Déieren ze restauréieren.
headphones

14 min

play_arrow
Neophyten | © Bigstock / pasiphae

Neophyten

Neophyten an Neozoe si Planzen an Déieren, déi sech no der Entdeckung vun Amerika 1492 bei eis nei agebiergert hunn.
headphones

15 min

play_arrow
Tomaten an Äerdbier | © klikk

Tomaten an Äerdbier

Mat Fangerspëtzegefill huele mir dës zwou sougenannten “Divaen” am Gaart ënner d'Lupp
headphones

12 min

play_arrow
Naturreseau | © Bigstock / Mihailo K

Naturreseau

D’Biodiversitéit an den Privatgäert fërdere mam Naturreseau, e Projet fir Austausch ze schafe an Natur ze stäerken.
headphones

9 min

play_arrow
Eis Hauskazen an d’Biodiversitéit: dee richtegen Equiliber fannen” | © Bigstock / Yulia

Eis Hauskazen an d’Biodiversitéit: dee richtegen Equiliber fannen”

Zu Lëtzebuerg liewe vill Hauskazen. Vill dovu sinn och dobaussen aktiv a liewen hiren natierlechen Juegdinstinkt aus, wat en Afloss op eis lokal Biodiversitéit huet. Wéi fënnt een déi richteg Balance tëschent Déieren an Naturschutz?
headphones

9 min

play_arrow
Dekoratiounsiddie fir d‘Fréijoer | © Bigstock / Dasha Petrenko

Dekoratiounsiddie fir d‘Fréijoer

Am Fréijoer gëtt de Gaart faarweg. Mee och ouni Gaart kann ee selwer natierlech a flott Dekoratioune maache fir baussen a banne an de Fréijoersfeeling ze kommen.
headphones

12 min

play_arrow
Centre nature et forêt Ellergronn: Anthropozän / Den Zäitalter vum Mënsch

Centre nature et forêt Ellergronn: Anthropozän / Den Zäitalter vum Mënsch

Am Naturschutzgebitt Ellergronn trëfft alles openeen, wat de Räichtum vum Lëtzebuerger Süden ausmécht. Eng divers Natur an de Patrimoine vun der deemoleger Eisenindustrie.
headphones

10 min

play_arrow
Allergien am Hausgaart, wéi soll een domat ëmgoen? | © ShutterDivision

Allergien am Hausgaart, wéi soll een domat ëmgoen?

Kann een am Gaart schaffen, wann een allergesch op Polle reagéiert?
headphones

9 min

play_arrow