arrow_back_ios

Opus Aktuell

100komma7.lu / Opus Aktuell

/ Eng Pop-Oper an der Philharmonie

Eng Pop-Oper an der Philharmonie

Lauschteren play_arrow
headphones

4 min

Eng Community-Oper, déi Leit aus iwwer 100 verschidde Länner duerch Musek zesummebréngt, dat war d’Zil vum Projet pOpera vun der Fondation EME. An no dräi Joer Virbereedung kënnt d’Pop-Oper endlech op d’Bün. D’Première ass haut den Owend (23.4.) um 7:30 am grousse Sall vun der Philharmonie, mat enger Adaptatioun vu “Romea a Julia”, déi zesumme mat de Bedeelegte kreéiert gouf. D’Sopranistin Stephany Ortega iwwerhëlt d’Roll vun der Juliette, war awer och de Vocal Coach vun de Participantë wärend deenen 3 Joren. Si erkläert, wat fir Challenges op si duerkoumen, virun allem wéinst der Sproochbarriär.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Mam Clown duerch d'Geeschterschlass

En Trëppeltour duerch d'Schlass an der Fiels mat der Compagnie Olive de Lux
headphones

5 min

play_arrow

'Zwischen Tasten und Taktstock'

Dem Pierre Nimax Senior säi Liewen, säi Wierk a säin Afloss op d'Lëtzebuerger Theater- a Musekswelt an enger Ausstellung an der Nationalbibliothéik.
headphones

4 min

play_arrow

10. Joer Alessandro Urbano!

D'Diddelenger Kierch feiert dëst Joer 10 Joer Titularorganist Alessandro Urbano.
headphones

3 min

play_arrow

E Lunch mam Henry Purcell

Am Kader vun de Midi Baroque kann een den 28. Oktober wärend der Mëttegpaus e Concert mat Musek vum Henry Purcell an der Philharmonie genéissen.
headphones

11 min

play_arrow

Bach Kantaten Zyklus 2025

Den Ensembel Ad Libitum spillt de 26. Oktober e Concert an der Protestantescher Kierch, mat enger bestëmmter Kantat vum J.S. Bach.
headphones

4 min

play_arrow

Poulenc: Concerto fir 2 Pianoen

Mol neo-klassesch, mol méi modern, mol typesch franséisch am Klang: op jidde Fall kontrasträich
headphones

3 min

play_arrow

Poulenc: Concerto fir 2 Pianoen

Mol neo-klassesch, mol méi modern, mol typesch franséisch am Klang: op jidde Fall kontrasträich
headphones

3 min

play_arrow

Aus Nördlichen Gefilden

D'Solistes Européens Luxembourg spillen haut den Owend e Concert ënner dem Titel Aus Nördlichen Gefilden. Um Programm steet eng Kompositioun vum Christophe Mirkes.
headphones

3 min

play_arrow

De leschte grousse Projet

No 40 Joer an der Musekszeen steet fir de Flüttist Carlo Jans de leschte grousse Projet virun der Dier.
headphones

4 min

play_arrow

Pierchen an de Wollef

Dëse Weekend gëtt dem Prokofjew säin Erzielconcert Pierchen an de Wollef an der Philharmonie op Lëtzebuergesch opgefouert.
headphones

5 min

play_arrow

D'Sinfonie Nr.6 a Mi Majeur vun der Emilie Mayer

Zu hire Liefzäiten hat si en immense Succès, no hirem Dout ass si a Vergiessenheet geroden.
headphones

3 min

play_arrow

Lëtzebuerger gewënnt Opus Klassik

De Pascal Schumacher gouf an der Kategorie “Neue Klassik” ausgezeechent.
headphones

4 min

play_arrow

De Pascal Schumacher am Klassik Talk vum opus 100,7

De Lëtzebuerger Vibraphonist a Komponist gewënnt e Präis beim renomméierten Opus Klassik 2025 a kuckt schonn zeréck op 46 Joer Karriär.
headphones

6 min

play_arrow

60 Joer Madrigal

De Gebuertsdagsconcert ass den 12. Oktober 2025 um 17h00 an der Philharmonie
headphones

4 min

play_arrow

Concert ActArt mat Musek tëschent Barock a Klassik

Am Stater Conservatoire sti reegelméisseg ActArt-Concerten op der Affiche, bei deenen ëmmer verschidden Enseignanten op der Bün spillen. Hei si se zu aacht.
headphones

3 min

play_arrow

Concert ActArt mat Musek tëschent Barock a Klassik

Am Stater Conservatoire sti reegelméisseg ActArt-Concerten op der Affiche, bei deenen ëmmer verschidden Enseignanten op der Bün spillen. Hei si se zu aacht.

Echter'Classic 2025

Net nëmme Concerten, mee en Treffpunkt
headphones

5 min

play_arrow

Casser les murs

Maueren aräissen: de Mateusz Moleda, de Gaaschtdirigent vum OCL, dem dem Orchestre de Chambre du Luxembourg, weist firwat de Schumann a Schostakowitsch dofir Sënnbiller sinn.
headphones

6 min

play_arrow

90. Gebuertsdag vum Leopold Hager an der Philharmonie!

De Leopold Hager, Éierendirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, trëtt zesumme mam Orchester an der Philharmonie op. Den Opus iwwerdréit de Concert live.
headphones

6 min

play_arrow

90 Joer vu Salzburg op Lëtzebuerg a ronderëm d'Welt

De Leopold Hager ass e Stardirigent, deen och enk mat Lëtzebuerg verbonnen ass. 15 Joer laang war hien de Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker.
headphones

6 min

play_arrow