Dëse Weekend gëtt dem Prokofjew säin Erzielconcert Pierchen an de Wollef an der Philharmonie opgefouert. Et ass e Kannerconcert, deen awer fir Grouss a Kleng geduecht ass. Op der Bün sinn d'Lëtzebuerger Philharmoniker ënnert der Leedung vum David Daubenfeld. Mat dobäi ass och d'Schauspillerin Marie Jung, déi den Text op Lëtzebuergesch mat iwwersat huet an d'Roll vun der Erzielerin iwwerhëlt. Si huet dem Marie Trussart ënner anerem d'Geschicht vum Pierchen erzielt an erkläert, wat genee hir Roll niewent dem Orchester ass.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Pierchen an de Wollef
Lauschteren
play_arrow
headphones
5 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
20. Doudesdag vum György Ligeti
E Komponist, deen aus de Wuerzelen nei Äscht gezillt huet.
Journée de la musique vun der AEM
Dëse Sonndeg, 14. Juni, steet am Parc zu Hesper d’Musek am Mëttelpunkt an dat mat der Journée de la musique vun der AEM, der Associatioun vun der Musekschoule vu Lëtzebuerg.
Feierlech a lokal
Den Ofschloss vun de Festivitéite ronderëm d'Aweiung vum Concertssall Korus