Iwwer 6 Méint laang huet eng speziell Enquêtëkommissioun a Frankräich un engem Rapport iwwer sexuell Gewalt am Kulturberäich geschafft. A gëschter gouf dee Rapport presentéiert. An dem Rapport geet et virun allem ëm Mëssstänn an de Beräicher Film, Tëlee, Musek, Theater, Moud a Publicitéit. D’Kommissioun Temoignagë vun iwwer 300 Perséinlechkeeten zesummegedroen a kënnt zur Conclusioun, datt sexuell Gewalt hei “systematesch” ass. De Rapport mëscht awer net nëmmen op Mëssstänn opmierksam, mee huet direkt och nach 86 Recommandatiounen, wéi ee géint dës virgoe kann.
arrow_back_ios
Europa Aktuell
Sexualiséiert Gewalt am Kulturberäich
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Max Tholl
Episoden
Zesumme manner eleng géint de Virus
D'EU-Staats- an d'Regierungscheffen hu sech Enn der Woch bei hirem Sommet Méi gi fir un engem Strang ze zéien. Den Olivier Hanrion vun der RTBF kommentéiert.
Interview mam Premier Xavier Bettel
Eng Partie EU-Länner maache sech Suergen iwwer déi nei Variant vum Coronavirus. Steet Lëtzebuerg wéinst ze labbere Corona-Mesuren ënner Drock? Froen un de Xavier Bettel.
Lobbyismus an der EU: Eng nei Kontrollinstanz kéint hëllefen
Wéi kritt een den Ëmgank mat Lobbyisten an de Grëff? Eng Kontrollinstanz, déi iwwer déi dräi EU-Institutiounen waacht, kéint hëllefen.
