D'EU reagéiert mat neie Sanktiounen géint Belarus op de gestoppte Fliger vu Ryanair an op d'Verhaftung vum Journalist Roman Protassewitsch. Enner anerem soll den EU-Loftraum fir belarusesch Airlinen gespaart ginn.
D'Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner si sech gëschter doriwwer eens ginn, um Ufabk vun hirer Reunioun zu Bréissel. Et war ee sech séier eens driwwer, datt d'Aktioun vum belarusesche Regime inakzeptabel ass.