D’Dorothea Tatalidis huet Trompett am Stater Conservatoire beim Charles Consbruck a Roman Zaremba geléiert. Zanter 2021 studéiert si op der Hochschule für Musik, Theater und Medien zu Hannover. Si huet mat hiren 23 Joer schonn en impressionante Parcours hanner sech: si schléisst ënner anerem hire Prix Supérieur am Conservatoire mat Auszeechnung of, huet fënnefmol den 1. Präis mat Auszeechnung vum Concours Luxembourgeois pour jeunes solistes gewonnen an hat hire Solodebut bei der Militärmusek. An elo gouf si beim European Union Youth Orchestra (EUYO) fir d’Saison 2025 ugeholl. Am Gespréich mam Marie Trussart erkläert si ënner anerem, wéi si mam Stress virun engem Concert ëmgeet, firwat si esou begeeschtert vun hirem Instrument ass a wat den EUYO als Orchester esou besonnesch mécht.
arrow_back_ios
Klassik Aktuell
D'Dorothea Tatalidis beim EUYO fir d'Saison 2025
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden

Operesänger a Breakdancer
Concert vum Jakub Józef Orliński a vum Michal Biel dësen Donneschdeg (19.05.) an der Philharmonie

Cage fir Kanner
En "Hin-Hör-Konzert" mat Musek vun engem Komponist, deen d'Welt mat den Ae vun engem Kand betruecht huet.
E Bléiserquintett mat Spaass un Neiem
D'Solistes Européens, Luxembourg an den Acelga-Quintett (17.5.2022)

E Bléiserquintett mat Spaass un Neiem
D'Solistes Européens, Luxembourg an den Acelga-Quintett (17.5.2022)

Trio Maare
Den Ensembel mam OPL-Flüttist Markus Brönnimann interpretéiert Wierker vum Claude Debussy, Philippe Gaubert a Jean Halsdorf.

Eng grouss Passioun
De Luthier Renzo Salvador proposéiert um Gittarefestival am Stater Conservatoire en Abléck a säi Beruff.

Een Trio mat enger wichteger Vocatioun
Den Trio Spilliaert huet dëse Freiden (13.05) seng Concertspremière zu Lëtzebuerg
En Abléck an de Luth
De Manou Schreiner presentéiert säin Instrument um Gittarefestival am Stater Conservatoire.

Exploratioun vun neiem Répertoire
De Gustavo Gimeno, Chef vum OPL, iwwert d'Saison 2022/2023

Années folles
Concert mam Orchestre de Chambre du Luxembourg an der Philharmonie (12.5.2022)

Catch Music Festival
En neie Festival, dee jonken Artisten eng Plattform bitt an hinne Kollaboratioune mat etabléierten Interpreten erméiglecht.

Exploratioun vun neiem Répertoire
De Gustavo Gimeno, Chef vum OPL, iwwert d'Saison 2022/2023

E Festival fir d'Gittar
De 14. a 15. Mee ass déi éischt Editioun vum Festival fir Gittar am Stater Conservatoire. Um Programm: Concerten, Masterclassen an en nationale Concours.

Beethoven, l'Européen
E Concert e Samschdeg an e Sonndeg mat onbekannte Wierker vum Ludwig van Beethoven

Concertspremière am Ausland fir Voicemade
De Voicemade Ensemble sengt e Sonndeg (8.5.2022) an der Loretto-Kapell zu Klierf.

Music With Changing Parts
Den Amstel Quartet interpretéiert dem Philip Glass säi Stéck zesumme mat de Pianiste Pascal Meyer a Laura Sandee.

Resilienz a Relance
D'Saison 2022/2023 an der Philharmonie

Vun der Auer, iwwer d'Iwwerraschung bis bei d'Hong
Iwwer d'Nimm vum Joseph Haydn senge Sinfonien

Resilienz a Relance
D'Saison 2022/2023 an der Philharmonie
