De Renzo Salvador lieft a schafft zu Léck. An der Mëtt vun der Stad huet de Luthier säi Buttek an deem hie selwer gebaute Gittaren, Luthen an och Harfë verkeeft. E Samschdeg an e Sonndeg (14. a 15. Mee) ass hien Invité um Gittarefestival am Stater Conservatoire, wou hien en Initiatiounsatelier zum Thema Lutherie proposéiert.
De Luc Boentges huet am Virfeld vum Festival mam Luthier geschwat.