arrow_back_ios
Klassik Aktuell
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden

E ganz intime Programm fir e Sänger wäit ewech vu senger Heemecht
Dem brittesche Bariton a Rising Star 2022/23 James Newby säin éischte Concert an der Philharmonie (26.9.)

"Mäi perséinlechst Wierk"
"Deconstructing Love", deen neie Pianosconcerto vum Ivan Boumans gëtt en nächste Méindeg (26.9.2022) uropgeféiert.

Zwee ganz perséinlech Concerten
Déi nächst zwee Optrëtt vum Pianist Jean Muller, um Klenge Maarnecher Festival (23.09.) a mat de Solistes Européens, Luxembourg (26.09.)

Traditioun an Ausnamen
E Gespréich iwwer déi nei Saison vum Festival zu Buerglënster am Schlass a säi 40. Anniversaire

Eng Mini-Uergel bauen an eng grouss Uergel héieren
De Projet vun der Stefanie Duprel a vum Laurent Anen an der Méchelskierch (24.09.): een Uergel-Récital an een Uergelbau-Atelier

Diddelenger Organist spillt mam LSO
Den Alessandro Urbano trëtt den Owend (20.09.) zesumme mam London Symphony Orchestra ënner der Direktioun vum Simon Rattle op.

E Zyklus, Metz an e Schlass
Den Ensembel Ad Libitum proposéiert eng gutt gefëllte Saison mat ganz verschidde Concerten am Beräich vun der Aler Musek.

Déi ganz Bandbreet vun der Neier Musek
Impressiounen vum Festival 33,7 e leschte Weekend an der Kulturfabrik zu Esch

Martin Grubinger live um radio 100,7
De radio 100,7 iwwerdréit deen éischte Concert vun der neier Saison vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. Solist ass dee weltbekannte Perkussionist Martin Grubinger.

Sechs Concerten am Norden
Beim zweeten Deel vum Klenge Maarnicher Festival senger 36. Editioun stinn ënner anerem Piano, Gei an e Posaunen-Ensembel um Programm.

Nei Saison, nei Defien
D'Saison 2022/2023 vun der Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern

Eng breet Opstellung
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg geet eng Partnerschaft mat der Stad Lëtzebuerg an a baut domat d'Felder aus, op deenen en aktiv ass.

Festival Musica
De Museksfestival zu Stroossbuerg an zu Nancy (30.09.-2.10.)

De Benjamin Kruithof gewënnt den Enescu-Concours
De Lëtzebuerger Cellist iwwerzeegt de Jury mam Concerto vum Antonin Dvorak.

E Bléck hanner d'Kulissen
Den Ensembel United Instruments of Lucilin proposéiert am Kader vun Esch2022 e Festival mat 2022 Minutte Musek um Stéck.

Maîtrise séngt am Stephansdoum
E Sonndeg (11.09.) séngt d'Maîtrise eng Laurent Menager-Mass zu Wien.

"Zomm vun allen Aspekter vum Uergelspill"
Den Diddelenger Uergelfestival organiséiert Meeschtercoursë fir Imrpovisatioun (bis den 9.9.2022).

Komponist an Trauer
De 6. September 1625 stierft dem Heinrich Schütz seng Fra.
"Nachts im Dom"
Voces8 beim Moselmusikfestival (11.9.2022)
