Klassik aktuell
Au Seuil de l'Avent
10 min
Am Summer 2020 ass an der Kathedral ee grousse Chantier opgaangen: d'Restauratioun vun der symphonescher Haupt-Uergel aus dem Joer 1938. No iwwer zwee Joer waren dëse Mount nees déi éischt Kläng vun der Uergel ze héieren, net nëmmen där allerschéinster, well et goung ëm d'Intonatioun vum Instrument. Dëse Weekend wäert déi restauréiert Uergel ganz offiziell hir éischt Téin vu sech ginn: e Samschdeg bei der feierlecher Aweiung an e Sonndeg, fir den traditionelle Concert Au Seuil de l'Avent vun der Maîtrise. Bis den 8. Januar 2023 steet dann nach eng ganz Serie vu Concerten um Programm, fir dat renovéiert Instrument mat all senge Méiglechkeeten ze presentéieren.