Fréijoer ass Festivalzäit zu Lëtzebuerg. Vun elo bis zur Fête de la musique gëtt et dank dem schéine Wieder endlech erëm Musek dobaussen ze erliewen, wa mir mol dem Altelier seng LuxeExpo Extravaganza wärend der Schoulvakanz virewech loossen. Besonnesch fir d’Frënn vun onofhängeger Rockmusek ass den Out of the Crowd Festival, zanter 20 Joer an der Escher Kulturfabrik vum Schalltot Kollektiv organiséiert, deen éischte grousse Rendez-vous vum Joer, an ee vun deenen treffséchersten, wann et ëm Programmatioun geet. Egal op een experimentell Sounds a musikalesch Decouverte sicht, immersiv Konscht genéissen, oder der lëtzebuergescher Musekszeen méi no komme wëllt, den Out of the Crowd bitt alles dat op engem Dag, an dat ass dëst Joer de Samschdeg, 19. Abrëll. Mir schwätze mam Nicolas Przeor vu Schalltot iwwer 20 Joer Out of the Crowd an d'Editioun vun dësem Joer.
arrow_back_ios
Kultur
Out of the Crowd 2025: déi Zwanzegst!
headphones
16 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden

Musek aus der "schéiner Zäit"
De Joseph Moog spillt de Samschden (11.1.) am Escher Conservatoire e Recital mat Pianoswierker, déi ënnert de Begrëff "Belle Epoque" falen.

Um Radar - De Weekend
Den Nicolas aktivéiert säi Radar a verréit iech, wat fir eng kulturell Highlights dir de Weekend net sollt verpassen.
Reacher
Eng Serie an der et ëm en Ex-Militärpolizist geet, deen an e Mordfall eragezu gëtt an eng korrupt Stad géint sech huet.

Éischten Interview mam neie Chefdirigent
Den neie Chefdirigent an den Direkter vun der Philharmonie am Gespréich. Wéi koum et zu där éischter spontaner Ernennung?

Curatrice Michelle Cotton iwwer hir Expo “Radical Software”
Fraen an Technik: An zwar schonn tëschent 1960 an 1991 am Beräich Computerart

Den “Noise” ass iwwerall
Wou Ekonomie, Klangkuliss, (Tëlee-)Kommunikatioun gestéiert sinn, ass “Noise”.

Prix littéraires: "Tarentule" vum Eduardo Halfon
An der virleschter Episod iwwert déi sëllege franséisch Literaturpräisser huet de Jeff Schinker de Prix Médicis étranger ënnert d'Lupp geholl.

Graines de voyous
De mëttlerweil aachten Deel aus der Ser Serie "Les Vieux Fourneaux" vun den Auteuren Wilfrid Lupano a Paul Cauuet.

"Witness" an der Lobby vun de Rotonden
Degoût oder Baarmhäerzegkeet?

Kollaborateuren, Kollateralschued a Konsequenzen
E weideren Deel vun eiser Visitt guidée duerch di permanent Expo am Resistenzmusée.

Mat de Lëtzebuerger Philharmoniker an dat neit Joer 2025
Mat bekannte Klassiker wéi "An der schönen blauen Donau", "Till Eulenspiegels lustige Streiche" an dem Grieg seng "Morgenstimmung".

Eng Videoinstallatioun fir Filmbiller ze lauschteren an hiren Toun ze kucken
Mat der Ambiance vu Lissabon der Stad hire Portrait zeechnen.

D'Akademie vun der Philharmonie
Zanter 2021 ginn hei jonk Musiker:innen op eng professionell Orchester-Karriär virbereet.

Guy Koenig - Vergissmeinnicht
Méi wéi just e Kriminalroman ...

Nei Musek, ongewinnt Situatiounen
Nei Musek kann Interpreten och bis an de Baumaart féieren. D’Cathy Krier verréit, wéi en Ausgang dat fir si hat ...

Dräimol Marc Henri Reckinger
Expoen an de Centres d’Art Nei Liicht an Dominique Lang zu Diddeleng, an am Nationalmusée um Fëschmaart.

Filmkriticken: "Nosferatu" a "Grand Tour"
De Michel Delage kënnt op zwou Filmproduktiounen zeréck, déi viru Kuerzem am Kino ugelaf sinn.
