Kultur
Curatrice Michelle Cotton iwwer hir Expo “Radical Software”
14 min
Mëttlerweil ginn et eng ganz Partie Muséeën, déi sech fir d’Entwécklung vu Computerart interesséieren, respektiv Konschtwierker aus deem Beräich sammelen. Allerdéngs geet et dobäi meeschtens ëm Aarbechten, déi no 1990, an also no der Aféierung vum Internet entstane sinn. Bis den 2. Februar proposéiert de Mudam sech emol mat de Joren 1960 bis 1991 ze beschäftegen, deemno souzesoe mat analoger Computerkonscht. “Radical Software” ass den Titel vun der Curatrice Michelle Cotton hirer Expo. D’Kerstin Thalau ass vun hir méi iwwer d’Konfrontatioun tëschent “radikal” a “soft” gewuer ginn.
Presentéiert vum
- kt