arrow_back_ios
Moiesstudio
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden

Firwat ginn et 100 verschidde Waasserpräisser am Land?
Mir froen de President vum Gemengeverband Syvicol, den Emile Eicher (CSV).

Ricardo Marques
Froen un den neien CSV-Deputéierten

Rafael Nadal hält op
D'Reaktioun vum FLT-President Claude Lamberty, deen d'Nouvelle um Welttenniskongress zu Hong Kong krut.

Wien ass d'Han Kang?
De Schrëftsteller a Literaturwëssenschaftler Samuel Hamen iwwer déi südkoreanesch Schrëftstellerin, déi 2024 mam Literatur-Nobelpräis ausgereechent gëtt.

"Pure Europe" am Lëtzebuerg City Museum
Eng Expo déi mat de Stereotyppen am Zesummenhang mat Europa wëll briechen. Ma wéi bréngt een de Visiteuren am Musée esou ee komplexe Sujet méi no?

"Play it safe" am Casino vu Mondorf
Mam spezielle Programm solle Persounen déi beim Spillen irrational an irresponsabel handelen, präventiv geschützt ginn.

Ginn et blann Flecken an der Caritas-Enquête?
Firwat hält d'Justiz nach ëmmer un der Pist vun der "Fraude au président" fest? De Jean-Claude Franck mat Erklärungen.

Den Hurrikan Milton ass a Florida u Land getraff
Den Hurrikan ass als e Stuerm vun der Kategorie 3 a Florida agetraff, mat Wand-Vitesse vu bis zu 205 Stonnekilometer. Et gëtt gefaart datt d'Iwwerschwemmungen an d'Wellen elo déi gréisst Gefor fir d'Leit op der Küst sinn.

Staatsbudget 2025
De Finanzminister Gilles Roth huet de Projet fir de Staatsbudget 2025 gëschter an der Chamber deposéiert an déi grouss Linnen doraus presentéiert. De Serge Kesseler mécht de Point.

Iwwerschwemmungsgefor?
Wéinst dem ville Ree gëschter an an der Nuecht ass d'Waasserwirtschaftsamt a Bereetschaft. Deen Olivier Jeitz vun der administration de la gestion de l'eau gëtt Detailer.

De Switch vum Token bei d'Luxtrust Mobile App
Bis Enn des Joers muss een déi nei Lux-Trust Mobile Applikatioun aktivéieren. D'Club Haus op der Heed huet speziell Coursen dozou organiséiert fir de Leit ze hëllefen.

De Kulturminister reagéiert
An der Affair ëm den iranesche Kënschtler, deen d‘Land huet misse verloossen, mellt den Eric Thill sech zu Wuert.
"E wichtege Moment fir Lëtzebuerg"
D'Carole Schimmer war gëschter bei der Chamber an huet Stëmme bei der Vereedegung vum Ierfgroussherzog Guillaume agefaangen.

Alerte orange wéinst Reen
De Luca Mathias vu MeteoLux mécht de Point.

Hurrikan Milton
Den US-Bundesstaat Florida preparéiert sech op Wandstäerkte vu bis zu 260 Kilometer an der Stonn an heftege Reen.

Ween ass de Prënz Guillaume?
E Portrait vum Carole Schimmer.

E Gespéich mat der Tania Tennina
Si ass responsabel fir de Protokoll an déi international Relatioune bei der Chamber

Mat der Trounfolleg reduzéiert de Premier Frieden och d'Kontroll vum Haff
Eng vun de Conclusioune vum Waringo-Rapport iwwer d'Mëssstänn an d'Intransparenz um groussherzoglechen Haff war d'Schafe vun der Maison du Grand-Duc. Do kënnt et awer aktuell zu gréisseren Ännerungen.

Wéi koum den Duebelinterview zustan?
De Grand-Duc Henri an de Prënz Guillaume hunn dem radio 100,7 an RTL en Interview ginn. Wéi koum et dozou? A wéi ass d'Gespréich verlaf?
