Mënsche mat engem Handicap sti bei eis nach ëmmer heefeg viru Barrièren - awer et gëtt Plazen, wou all Dag gewise gëtt, wat Inklusioun bedeit. Eng vun dëse Plazen ass de Restaurant Madame Witzeg, dee geschwë scho säin drëtte Gebuertsdag feiert. Hei schaffe Mënsche mat an ouni Trisomie 21 oder anere spezifesche Besoinen zesummen - als Käch, am Service, an an der Organisatioun.
D’Paule Rodesch war zu Bieles am Restaurant, fir mat Mataarbechter:innen an den Initiateure vum Projet iwwer déi aktuell Situatioun vu Mënsche mat Trisomie 21 zu Lëtzebuerg ze schwätzen, iwwer Fortschrëtter, Erausfuerderungen - an iwwert d’Zukunftspläng fir d’Madame Witzeg.