De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
Die goldene Bremm: nach ëmmer “de Glanz”?
Huet d’Remise-en-valeur duerch Konscht am däitsch-franséische Grenzgebitt gegraff?
Mat Monophona duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (2) Kee Sushi
Fir hir 20 Joer léisst d'Rockhal Bands optrieden, déi et guer net méi gëtt. Ee gudde Grond, mat hinenn eng rezent Rees duerch Lëtzebueger Museksgeschicht ze ënnerhuelen.
Mat Monophona duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (1) D'Ufäng
Fir hir 20 Joer léisst d'Rockhal Bands optrieden, déi et guer net méi gëtt. Ee gudde Grond, mat hinnen eng rezent Rees duerch Lëtzebuerger Museksgeschicht ze ënnerhuelen.
Nei am Kino
Film vun der Woch: "Sirât" vum Oliver Laxe
"Sirât" vum Oliver Laxe krut zu Cannes de Prix du Jury - a beandrockt ënnert anerem mat engem phenomenale Soundtrack
Keng Affaire: Déi nei Spillzäit am TNL
De Jeff Schinker ënnerhält sech mam TNL-Direkter Frank Hoffmann iwwert déi nei Saison am TNL