Fir all déi, déi kuerz virun der Rentrée nach eemol ofschalte wëllen, lount sech en Tëschestopp am Kino. Dës Woch lafen ënner anerem "Sirât" vum Óliver Laxe, "Miroirs No. 3" vum Kultregisseur Christian Petzold an "Downton Abbey: The Grand Finale" vum Simon Curtis un. Et kann ee sech op Wüsteraven, Familljendrama, Dämonen an d'brittesch Aristokratie astellen.
D'Lori Dauphin erzielt méi iwwer déi nei Produktiounen, déi an de Kino kommen.