Radioen

On air

Tockcity  |  Homer - Wishing Well Feat. Girl Named Golden

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

100komma7.lu / Klassik Aktuell

/ Die Sehnsucht nach dem Süden

Die Sehnsucht nach dem Süden

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De 4. November um 19h30 spillen d’Solistes Européens, Luxembourg (SEL) e Concert ënner dem Motto “Sehnsucht nach dem Süden” am grousse Sall vun der Philharmonie. Mat dobäi ass déi lëtzebuergesch afro-kubanesch Band Pepino Caliente. Um Programm: Bossa Nova, Mambo awer och Jazz an d'Italienne vum Felix Mendelssohn Bartholdy. De Pierre Kremer, Trompettist vun der Band, huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode wat hie besonnesch un der südamerikanescher Musek begeeschtert a wat de Numm vun der Band eigentlech bedeit. De Serge de Cillia, delegéierten Administrateur bei de Solistes Européens, Luxembourg, erkläert wat en "Jeans Concert" ass a wéi d'SEL ëmmer nees versichen innovativ ze sinn.

Tickete ginn et um Internetsite vun de Solistes Européens, Luxembourg.

Episoden

Petite Messe solennelle

Concert den 13. November 2021 um 8 Auer zu Bouneweg an der Kierch

Kanner komponéieren

E Workshop an der Philharmonie am Kader vum Festival Rainy Days

Kanner komponéieren

E Workshop an der Philharmonie am Kader vum Festival Rainy Days
Wild Strings

Wild Strings

Concert iwwermuer Mëttwoch (10.11. 2021 um 19.30) mam Orchestre de Chambre du Luxembourg am Kammermusekssall vun der Philharmonie
De Stee rullt!

De Stee rullt!

En éischten Abléck a "Sisyphus' Sohn" vum Pierre Weber no engem Text vum Raoul Biltgen. D'Wierk ass eng Commande vum radio 100,7 a vum KuK.

"Déi 10. vum Beethoven"

4.11.1876: Uropféierung vum Johannes Brahms senger éischter Symphonie

Vespro della Beata Vergine

Den Ensembel La Fenice interpretéiert d'Wierk vum Claudio Monteverdi am Kader vun de Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette.

"Auf der Zunge"

Ee Lieder-Zyklus vum Camille Kerger op Texter vun der Sascha Ley
Wann d'Aen net méi matspillen

Wann d'Aen net méi matspillen

3.11.1752: De G.F. Händel gëtt eng éischte Kéier um A operéiert.
International an Orchestral

International an Orchestral

Den Cembalist Alessandro Urbano interpretéiert Toccatae vum Johann Sebastian Bach, hanner deene sech direkt puer Dimensioune verstoppen.

E Multitalent

Den Dirigent Guiseppe Sinopoli koum den 2. November 1946 op d'Welt.

"Auf der Zunge"

Ee Lieder-Zyklus vum Camille Kerger op Texter vun der Sascha Ley

Heinrich Schütz

De Komponist vum Mount November 2021

Les violons dansants

E Projet fir Geie-Schüler am Stater Conservatoire

Vu Bach bis Bernstein

Den American Horn Quartet trëtt am ArcA zu Bartreng op.

Esch an d'Uelzecht

D'Komponistin Catherine Kontz mat zwee Projete fir Esch 22

Magnifica um Klenge Maarnicher Festival

De Blechbléiserquintett trëtt zesumme mam Solist Oystein Baadsvik op a proposéiert eng Kreatioun vum Georges Sadeler.

Bach, Berio a Beatles

Déi klassesch Band Spark trëtt am Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck op.

Esch an d'Uelzecht

D'Komponistin Catherine Kontz an hir nei Projeten
Iwwer Banannen an eng kleng Besetzung an engem grousse Sall

Iwwer Banannen an eng kleng Besetzung an engem grousse Sall

E Gespréich mam Geiist Haoxing Liang iwwer de Lunch Concert vum Kreisler Quartet an der Philharmonie