arrow_back_ios
Klassik aktuell
Plugged-in
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
E Stéck mat zwee risegen Aen, eent, wou zwou Persounen op Buzzeren hanner enger Leinwand schloen an eent, bei deem d'Museker iwwer Videotelefonie matenee prouwen: De Programm mam Titel "Plugged-in", deen den Eunoia Quintett den 10. Februar an der Philharmonie proposéiert, versprécht vill Ofwiesslung.
An dësem Schwäizer Ensembel fir zäitgenëssesch Musek spillt och déi Lëtzebuergesch Perkussionistin Louisa Marxen. De Luc Boentges huet mat hir iwwer dësen ongewéinleche Programm geschwat.