Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Jamie xx, Romy & Oliver Sim - Waited All Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

100komma7.lu / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

"Balloumi"

D'Mademoiselle Balloumi Lum a seng musikalesch Déieren invitéiere Kanner tëschent zwee a fënnef Joer an de Gaart vum Ronnen.

Eng Joerhonnert-Stëmm

25. Februar 1873: Den Enrico Caruso kënnt zu Neapel op d'Welt.

Rossini, Beethoven, Schubert

Anima Eterna Brugge an den Giovanni Antonini am CAPE zu Ettelbréck (27.2.2021)

Italian Baroque Sonatas

Deen neien Disk vum Ensembel Artemandoline
Rinaldo, den Hit vum Händel

Rinaldo, den Hit vum Händel

Dem Komponist seng bekanntsten Oper hat de 24. Februar 1711 Première.

Eng ongewinnt Kombinatioun

Concert-apéritif vun den Amis de l'OPL an der Philharmonie (28.2.2021)

Niewent der Musek

Den 23. Februar 1934 stierft mam Edward Elgar e Komponist, deen net nëmme fir d'Musek gelieft huet.

De Quintett Pforte zu Buerglënster

Concert mat Wierker vu Maria Bach a Franz Schubert (28.02.2021)

300 Joer Musek fir d'Flütt

Live-Stream haut Dënschdeg (23.2.2021) aus dem Stater Conservatoire

Polonaise

Als international bekannte Pianist zu Paräis vergësst de Frédéric Chopin ni seng musikalesch Wuerzelen. Déi sinn a Polen.

300 Joer Musek fir d'Flütt

Live-Stream muer Dënschdeg (23.2.2021) aus dem Stater Conservatoire

Der Gedankensammler

Eng musikalesch Geschicht vum Martin Folz

E gutt Team

De Ludwig van Beethoven an den Erfinder vum Metronom, de Johann Nepomuk Mälzel

Italian Baroque Mandolin Sonatas

En neien Disk vum Ensembel Artemandoline

Protagonist vun der franséischer Symphonik

18.2.1906: Première vu "Jour d'été à la montagne" vum Vincent d'Indy

Pseudonym Arthur Parker

D'Geschicht vun der englescher Komponistin Annabel Bennett

Lachrimae

Consort-Songs mam Ensembel La Chimera zu Walfer (21.2.2021)

En éischt grousst Wierk

"Das klagende Lied" vum Gustav Mahler hat de 17. Februar 1901 zu Wien Première.

Eng Kinnigin bei der Kinnigin

D'Organistin Iveta Apkalna op der Schuke-Uergel vun der Philharmonie (22.2.2021)

E grousse Mahler-Interpret

Den Dirigent Eliahu Inbal kritt 85 Joer.