arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Couveuse vun der europäescher Musek
De Kinnekshaff vun der Bourgogne huet ënnert dem Philippe le Beau eng wesentlech Roll an der europäescher Museksgeschicht gespillt. Dank dem Kinnek sengem Intressi fir d'Musek, huet sech aus der Eestëmmegkeet d'Villstëmmegkeet entwéckelt. De Philippe le Beau huet nämlech am franko-flämesche Raum Kathedralschoulen ageriicht, wou Leit wéi de Josquin des Prés, de Johannes Ockeghem an de Jacob Obrecht hir musikalesch Ausbildung gemaach hunn. Dës Kathedralschoule waren eng Zort Couveuse vun der europäescher Musek.