Kid Dynamite - Uphill Peace Of Mind 12.04.2025 - 12h45 Eng amerikanesch Soul- a Funkband aus den 1970er Joren, bekannt fir hiren eenzegen Hit "Uphill (Peace of Mind)". Den Drumbreak aus dësem Lidd gouf Dosende Mol am Hiphop gesampelt, vun Just Ice bis Rob Base.
Keni Burke - Risin' To The Top 05.04.2025 - 12h45 En amerikanesche Sänger, Songwriter, Plackeproduzent a Multi-Instrumentalist. Hien ass besonnesch bekannt fir säin Hit "Risin' to the Top", deen erfollegräich vu villen Rap-Kënschtler gesampelt gouf.
Johnny Guitar Watson - Superman Lover 29.03.2025 - 12h45 En extravagante Bluessänger, Gittarist a Songwriter aus de 70er Joren, deem säin Hit "Superman Lover" e grousse Following am Hiphop, besonnesch beim Redman huet ...
John Coltrane - My Favorite Things 22.03.2025 - 12h45 Dee groussen Jazzmuseker huet eng bedeitend Roll an der Entwécklung vum Bebop, Hard Bop a Free Jazz gespillt. Seng Samples si ganz beléift beim Andre 3000.
Jacques Loussier - Pulsion 15.03.2025 - 12h45 Dee renomméierte franséische Pianist a Komponist huet klassesch Musek an Jazz fusionéiert fir en eenzegaartege Mix ze kreéieren. Säi Sample huet zu engem Hit vum Eminem bäigedroen.
Jack Wilkins - Red Clay 08.03.2025 - 12h45 Den Jack Wilkins ass en amerikaneschen Jazz-Gittarist, dee fir eng aussergewéinlech Technik bekannt ass. Hien huet eng laang a produktiv Karriär a gouf ënner anerem vun A Tribe Called Quest gesampelt.
Idris Muhammad - Crab Apple 01.03.2025 - 12h45 Deen amerikanesche Jazz- a Funk-Batteur ass besonnesch bekannt fir seng innovativ Spillweis a gouf vum Notorious BIG gesampelt.
Herb Alpert - Rise 22.02.2025 - 12h45 Deen amerikaneschen Trompettist, Komponist a Museksproduzent huet mam Jerry Moss d'Plackefirma A&M Records gegrënnt. Seng Musek huet dozou bäigedroen ee vun de gréissten Hits am Rap ze produzéieren.
Gwen McCrae - 90% Of Me Is You 15.02.2025 - 12h45 Eng amerikanesch Soul- a Funk-Sängerin, déi besonnesch an den 1970er Jore groussen Erfolleg hat. Hir kräfteg Stëmm an hir leidenschaftlech Interpretatiounen hu si bei Hiphop-Produzente ganz beléift gemaach.
Grant Green - Down Here on the Ground 08.02.2025 - 12h45 Deen amerikanesche Jazz-Gittarist ass besonnesch fir seng Aarbecht am Hard Bop, Soul Jazz a Bebop bekannt. Seng Fusioun vun den Elementer hunn hien zu enger beléifter Sample-Quell gemaach.
Grace Jones - My Jamaican Guy 01.02.2025 - 12h45 Déi jamaikanesch-amerikanesch Sängerin, Schauspillerin, Model a Performance-Kënschtlerin ass bekannt fir hir eenzegaarteg Stëmm, extravagant Bünenoptrëtter an hir faszinéierend Perséinlechkeet.
Gladys Knight and The Pips - The Way We Were/Try to Remember 25.01.2025 - 12h45 Gladys Knight and The Pips ass eng amerikanesch Soul- a R&B-Grupp, déi besonnesch an den 1960er an 1970er Jore groussen Erfolleg hat. Dës Motown-Band gouf erfollegräich am Nonzeger-Joren-Hiphop gesampelt.
Gene Chandler - Duke Of Earl 18.01.2025 - 12h45 Deen amerikanesche Sänger, Songwriter a Museksproduzent ass am meeschte bekannt fir säi Lidd "Duke of Earl" . Säi Lidd leet de Grondstee fir der Cypress Hill hiren Hit "Hand on the Pumpgun".
Galt MacDermot - Space 11.01.2025 - 12h45 E kanadesch-amerikanesche Komponist, Pianist a Museker, besonnesch bekannt fir seng Aarbecht am Musical "Hair", mee hien huet gläichzäiteg zu engem vun de gréissten Hits vum Busta Rhymes bäigedroen.
Fred Wesley and The J.B.'s - Blow Your Head 04.01.2025 - 12h45 Eng legendär Funkband, déi an den 1970er gegrënnt gouf. Si waren en Deel vun der grousser James-Brown-Musekfamill a goufen dacks am Hip-hop gesampelt.
Donny Hathaway - Jealous Guy 21.12.2024 - 12h45 Den Donny Hathaway war en amerikanesche Soul-Sänger, Pianist, Komponist a Produzent, dee seng Lidder passionéiert interpretéiert huet. Seng Samples hunn et bis an de Laptop vum Kanye West gepackt.
Dizzy Gillespie - Matrix 14.12.2024 - 12h45 Den Dizzy Gillespie war en amerikanesche Jazz-Trompettist, Bandleader, Komponist a Sänger. Hien ass bekannt als ee vun de Pionéier vum Bebop a war ganz beléift bei verschiddenen Hiphop-Produzenten.
Cymande - The Message 07.12.2024 - 12h45 Eng brittesch Funk- a Soulband, bekannt fir hir eenzegaarteg Mëschung aus Funk, Soul, Reggae, Jazz an afrikanescher Musek. Hir Musek gouf dacks gesampelt, dat bekanntst Beispill kënnt vun engem Rapper vu Paräis.
Chic - Soup For One 30.11.2024 - 12h45 Chic ass eng amerikanesch Disco- a Funk-Band mat groussen Afloss op d'Musekszeen vun de spéiden 1970er a fréien 1980er Joren. Hir Musek gouf dacks gesampelt, an huet et bis an déi franséisch House-Zeen gepackt.