Retromania
Jukebox
10 min
Déi eng nenne se Museksbox, anerer soe Jukebox, oder an den USA hu se an der Zäit vun engem “Nickel-in-the-slot-Player” geschwat.
Am Fong ass et egal, Fakt ass, datt et d’Jukebox schonn zanter 135 Joer gëtt.
1889 an de USA erfonnt, huet d’Maschinn eng gelleg Success Story duerch d’ganz Welt erlieft, an hautdesdaags ginn zolitt Zomme fir eng Jukebox, wéi zum Beispill eng original Wurlitzer, bezuelt.
A besonnesch déi Modeller vu Wurlitzer aus den 1940er Jore si Kultobjeten, duerch hiren opfällegen Design mat Glas an Neonsluuchten, wat deemools absolut zu Rock’n’Roll-Epoch gepasst huet.
D’Jukebox kann een och als Symbol vun der Fräiheet vum Individuum gesinn an als Symbol vun der Fräiheet an der Ëffentlechkeet Musek ze wielen. De Mënsch kann ee Lidd eraussichen an domadder bewosst een Ament a senger eegener Liewensgeschicht sinn an d’Geschicht vun deenen aneren aktiv a kreativ beaflossen.
D’Jukebox kann eng gemeinsam Erënnerung oder esouguer den Ausdrock vun enger kollektiver Kultur sinn, an d’Musek, déi duerch d’Jukebox gespillt gëtt, gehéiert dann all deenen, déi nolauschteren. Esou forméiert sech eng Sammlung vu Lidder, déi vill Mënsche kennen. En Erliefnes also!
De Jean Claude Majerus erënnert sech, wéi hie selwer als Kand, nach mat 5 Frang, an esou en Automat geheit huet a Musek konnt lauschteren.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus