D’Grousswiederlag versprécht mëttlerweil e méi variabele Verlaf fir déi nächst Zäit. Engersäits ka sech doduerch keng nohalteg Hëtzt-Glack méi forméieren, wat awer e puer eenzel Hëtzt-Stéiss trotzdeem net ausschléisst.
Et war e nawell extreemt Onwieder, wat e Mëttwoch nëmme ganz knapp nërdlech un eisem Land laanschtgezu war.
Ech ka nëmme soen, dass mir wierklech immens vill Chance haten. Nach e Méinden hate mir op dëser Plaz zwar dovu geschwat, dass eis relevante Reen aus Weste méi no kënnt, mee eréischt am Verlaf vun en Dënschden hu sech d’Signaler fir eng potenziell Onwiederlag an de Wiedermodeller gewisen an dunn och weider konkretiséiert. Et war eng sougenannt “High Shear Low Cape”-Lag, bei där mir et mat enger staark ausgepräägter Wandscherung ze dinn hunn, iwwerdeems déi potenziell zur Verfügung stoend Energie, also de sougenannte CAPE, zimmlech niddereg ass. Ënnert der Wandscherung versteet een eng markant Ännerung vun der Wandrichtung- an och Vitesse mat der Héicht, wat eng vu ville wichtegen Zutaten fir e gutt organiséiert Onwieder ass. Dës High Shear Low Cape-Lagen sinn oft onscheinbar, mee suergen op eisem relevanten Deel vum Kontinent a ville Fäll fir Superzellen an esouguer Tornadoen.
D’Onwieder, wat eis e Mëttwoch knapp verfeelt hat, hat sech am Nomëtten a Nordfrankräich forméiert. Ganz séier war kloer, dass et sech ëmt eng Superzell géif handelen, also en Donnerwieder mat engem rotéierenden Opwand. Et ass dunn, mat tëschenzäitleche Signaler fir e potenziellen Tornado, weider a Richtung Ost-Nordost gezunn. Géint 18:20 war d’Zell dunn op Büllingen an der Belsch getraff, wat knapp 30 Kilometer nërdlech vun eisem Land ass. Do gouf enorme Schued ugeriicht, ënnert anerem war en Haus zur Hallschent vum Wand ofgerappt ginn. Ob et en Tornado war, gëtt momentan ënnersicht.
Dës spezifesch Zell hat sech an de Stonnen drop weider an d’Mëtt vun Däitschland an duerno och den Oste virubeweegt, wou se weideren immense Schued ugeriicht hat. Haiser an Autoe goufe staark beschiedegt, Beem entwuerzelt, Stroummasten aus Beton ofgebrach, a leider sinn och zwee Doudesaffer ze bekloen. Alleng an Däitschland gi momentan Analysen zu op d’mannst 9 méiglechen Tornadofäll duerchgefouert, zwee goufen der scho confirméiert. Sollten déi aner sech och als solches erausstellen, da kann e vun engem richtegen “Tornado Outbreak” schwätzen – e Begrëff, deen a sou engem Fall an den USA gebraucht gëtt.
Et huet sech an Tëschenzäit glécklecherweis berouegt, an e bësse Reen war jo trotzdeem och bei eis dobäi.
Jo, mir kruten e Mëttwoch e puer geméissegt Donnerwiederzellen of, donierft och e puer Schaueren an tëschenzäitlech och mol méi groussräimege Reen. Op déi lescht siwen Deeg gekuckt krute mir de Radardonnéeë no tëscht 20 a 35 l/m² un der héchster Nordspëtzt vum Land of. Eng weider méi naass Géigend war de Süden mat 13 bis 26 l/m² Reen. Dotëscht, also an der Mëtt vum Land waren et der bis elo 10 bis ëm 18, am Raum Fiels esouguer nëmen 8.
Op de Mount August gekuckt si mir doduerch elo bei tëscht 8 an ëm 50 l/m² ukomm. Um äussere südëstlechsten Zipfel vum Land koume bei engem Donnerwieder virun e puer Wochen ëm 60 l/m² erof. D’Kontraster am Land sinn also riseg, an déi wierklech grouss Zomme begrenze sech op ganz kleng Flecken.
Mat wat kënne mir de Weekend rechnen? Ass do nach e bësse Reen fir eis dobäi? A wat maachen d’Temperaturen?
Haut um Freide beschäftegen eis eng Partie Wolleken, d’Sonn weist sech awer och mol dotëscht. E bësse Reen ass ni onméiglech, mee déi bescht Signaler dofir hu mir vum Nomëtten un. Iwwert dem Land selwer kënne sech e puer eenzel Schaueren entfalen, je no Modell kann och e sech opléisend schwaacht Reegebitt aus dem Nordwesten op eis iwwergräifen. An der Nuecht op e Samschde bleift d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Nidderschléi bestoen, mee vill kënnt net wierklech erof. E Samschden hëlt d’Schaueraktivitéit ëmmer weider of, spéitstens vum Nomëtten u sollte mir och op der leschter Plaz dréchen an ëmmer méi sonneg doduerchkommen. De Sonnde gëtt de frëndlechsten a sonnegsten Dag.
Temperaturtechnesch packe mir et haut op tëscht 18 an 23 Grad, muer ass et änlech an och fir e Sonnde wier mat 18 bis 23 Grad kee grousse Changement dobäi.
De meteorologesche Summer ass den éischte September eriwwer. Kommen da nach e puer Summerdeeg op eis duer?
Déi grouss Hëtzt ass duerch, an domat mengen ech déi Charakteristik aus de leschte Wochen a Méint mat intensiven Hëtztwellen. Och wa mir elo en däitleche Réckgang erliewe, kann awer nach den een oder anere meteorologesche Summerdag an Zukunft mat dobäi sinn. Reng statistesch gesi kënnen déi esouguer am September nach virkommen.
Op déi nächst Deeg, oder besser déi nächst Woch bezu léisst sech soen, dass sech wuel erëm e Schwall un héichsummerleche Loftmasse vun Afrika aus a Richtung Mëtteleuropa beweegt. Vun e Méinden un geet d’Warscheinlechkeet dowéinst fir Temperature vun iwwer 25 Grad heiheem däitlech an d’Luucht, ier dann e Mëttwoch e Peak vun 30 Grad oder och eppes driwwer méiglech wier.
Schonn fir en Donneschde gëtt e weidere Réckgang berechent. Dës Summerwiermt resp. Hëtzt wier also nëmmen e kuerze Virstouss, deen sech awer fläit nach méi spéit kéint widderhuelen. Dozou awer eng aner Kéier méi.