An engem kuerzen awer komplizéierte Beweegungsoflaf huet hie fir kuerz Zäit d'Schwéierkraaft iwwerwonnen! Stafhéichsprong ass eng vun den technesch usprochsvollste Sportaarten.
Ulaf a sprange fuerdere ganz ënnerschiddlech Technike fir genuch Vitess a Sprongkraaft ze entwéckelen. Bei der Beweegung iwwer d' Lat muss de Kierper gedréint a gediebelt ginn. Alles berout op dem optimalem Asaz vun Energie.
De Rekord geet Hand an Hand mat der Entwécklung vum Material vum Staf.
Wéi ass et eigentlech méiglech iwwer 6 Meter 25 cm héich ze sprangen?
Physik ass relax liwwert d'Äntwerten, zesumme mat der Carol Eicher.